Modern Sklaverei am Botzsecteur?Botzpersonal zu Lëtzebuerg klot iwwert Aarbechtskonditiounen

RTL Lëtzebuerg
De Botzsecteur boomt: 84 Firme goufen et 2009, dëst Joer sinn et der den neisten Zuelen no 250.
Modern Sklaverei am Botzsecteur?
D’Botzpersonal awer klot iwwert Aarbechtskonditiounen, déi ëmmer méi schlecht géife ginn.

Onzefriddenheet am Botzsecteur / Reportage Dany Rasqué

D’Botzpersonal awer klot iwwert Aarbechtskonditiounen, déi ëmmer méi schlecht géife ginn. Dat gouf rezent op enger Konferenz an der Chambre des Salariés méi wéi kloer.

Et ass e Secteur, an deem haaptsächlech auslännesch Frae schaffen, 12.000 am Ganzen. Si kloen iwwert e Manktem un Unerkennung, kleng Paien a virun allem eng Erhéijung vun den Aarbechtskadenzen, déi bal net méi ze packe wären. Mat ëmmer manner Leit misst déi selwecht Aarbecht geleescht ginn. Op verschiddene Chantiere wären d’Ekippen ëm d’Hallschecht reduzéiert ginn, mam Resultat, datt zum Beispill 1 Fra eleng 90 Büroe plus Toiletten a 4 Stonne misst gebotzt hunn.

E Mëttwoch hunn d’Kollektivvertragsverhandlungen fir de Secteur ugefaangen. Am gemeinsame Fuerderungskatalog vun OGBL an LCGB steet nieft enger linearer Hausse vun de Paien ënnert anerem och d’Recht op ee gratis Paiziedel op Pabeier. Bei verschiddene Betriber mussen d’Botzfrae 5 Euro fir hire Paiziedel bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO