
Op de Soziale Medien, an och viru Journalisten zu Washington, ass den US-President d’NATO schaarf ugaangen. Hien ass rosen, well vill NATO-Länner d’USA an der Strooss vun Hormus net militäresch ënnerstëtze wëllen. Hie wier “zimmlech schockéiert”, awer net iwwerrascht, sou den Trump, well hien d’Bündnis, an dat säi Land all Joer Honnerte Milliarden Dollar géing investéiere fir déi selwecht Länner ze beschützen, nach ëmmer als Strooss ouni Géigeverkéier gesinn hätt.
Well d’USA sou grousse militäresche Succès hätten, bräichte si elo och guer keng Ënnerstëtzung méi vun den NATO-Länner, sou den Trump. Si hätten se ni gebraucht, vu kengem. Dowéinst géing den Donald Trump iwwert en Austrëtt aus dem Bündnis nodenken. Hie bräicht och kee Kongress fir déi Decisioun ze huelen, sou den US-President weider. D’NATO hätt e wierklech domme Feeler gemaach.
Op d’iranesch Warnung, d’USA kéinten en zweet Vietnam erliewen, sollten si Buedemtruppen an de Kampf schécken, huet den Trump geäntwert, hien hätt keng Angscht viru sou enger Decisioun. Hien hätt viru guer näischt Angscht, sou den US-President zu Washington. Schonn an de leschte Wochen hat hien en Asaz vum US-amerikanesche Militär um Buedem net ausgeschloss.
Däitschland hätt erkläert, näischt mam Iran-Krich wëllen ze dinn ze hunn a sech dowéinst net wéilte bedeelegen. Gläichzäiteg géing d’Bundesregierung awer fannen, d’USA an Israel hätten eppes “Groussaarteges” gemaach, wéi se déi iranesch Leaderen ausgeschalt hunn, sou den Trump beim Treffe mam iresche Regierungschef Michael Martin zu Washington.
Och de brittesche Premier Keir Starmer ass mat kritesche Wierder beduecht ginn. Hien hätt net ënnerstëtzt an dat wier e grousse Feeler, sou den US-President. Hie géif de Starmer zwar fir e feine Mann halen, mee hie wier vum Kier enttäuscht.
Um Dënschdeg huet de Chef vun der US-amerikanescher Terrorofwier Joseph Kent säi Récktrëtt annoncéiert. “Ech kann net mat guddem Gewëssen den unhalende Krich géint den Iran
ënnerstëtzen. Den Iran huet keng imminent Gefor géint eist Land duergestallt an et ass kloer, datt mir dëse Krich op Drock vun Israel a senger mächteger amerikanescher Lobby ugefaangen hunn”, sou den Joe Kent an engem Post um Kuerznoriichtendéngscht X. Den Joe Kent war zanter Juli 2025 Chef vum Nationalen Zenter fir Terrorofwier.
Den US-President huet déi Decisioun als “eng gutt Saach” begréisst a gemengt, de Kent wier “ganz schwaach an der Sécherheet” gewiescht.
En Dënschdeg de Moie waren zwee Drëttel vu Kuba ouni Stroum. D’Wäisst Haus hätt e Méindeg den Drock op déi kommunistesch Regierung erhéicht, sou d’New York Times. De President Miguel Diaz-Canel soll entmuecht ginn. Den Donald Trump huet iwwerdeems verlaude gelooss, hie kéint “mam Inselstaat alles maache, wat hie wéilt.” Hie gleeft wierklech, him géif d’Éier zoufalen, Kuba z’iwwerhuelen. Kuba wier zwar eng “schéin Insel” an d’”Wieder immens”, mee d’Land wier “um Enn an de Moment staark geschwächt”.
Donieft huet den Donald Trump dann nach wësse gedoen, dass d’USA exzellent Aarbechtsrelatioune mat China hätten, mee datt seng geplangte Rees a China fir e Sommet mam Staatspresident Xi Jinping ëm 5 oder 6 Woche verréckelt gi wier. Grond wier de Krich am Iran.