“Am Moment si mer konfrontéiert mat enger Rei vu frontalen Attacken op de solidaresche Gesondheetsmodell hei am Land”. Dat huet den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo e Mëttwoch de Moien hei op RTL deklaréiert. Deen, dee vun 2004 bis 2013 Gesondheetsminister war, huet d’Findel-Klinik, déi elo “Findel-Medic” heescht, ferm kritiséiert. Awer och datt d’Doktesch-an Zänndokteschassociatioun AMMD d’Konventioune mat der CNS gekënnegt huet.
D’AMMD huet dat gemaach, fir ënnert anerem Tarifautonomie ze kréien. Dem Mars Di Bartolomeo no géing et der AMMD just drëm goen, datt “e puer Doktere” sech esou kéinten “d’Täsche voll maachen”. De Patient, den Assuré, wier de grousse Verléierer. D’Associatioun huet präziséiert, datt se Tarifautnomie gär hätt, wou d’Verhandlungen dem technologeschen a medezinesche Fortschrëtt net géingen nokommen. Op déi Remark huet de fréiere Minister geäntwert: “da kommt mir schaffen drun!”
Wann et Enkpäss géinge ginn oder et ze lues géing goen, da misst een “Tatsaachen” op den Dësch leeën. Hien huet déi aktuell Gesondheetsministesch Martine Deprez explizitt a Schutz geholl: “d’Bereetschaft ass do”. Hien huet och drop higewisen, datt e Minister kann Decisiounen huelen, wann et Blockagë ginn.
De Mars Di Bartolomeo wier eegenen Aussoen no “absolut net” géint privat Initiativen, mee hien ass ganz kloer géint d’Findel-Klinik. Déi heescht elo “Findel-Medic”, sengetwegen “Villa Kunterbunt”. Och hie geet dovunner aus, datt den Numm geännert gouf, well de Begrëff “Klinik” méiglecherweis e Verstouss géint d’Spidolsgesetz kéint duerstellen.
Besonnesch kritesch ass den LSAP-Deputéierte well:“hei fanne sech bekannt Investisseuren, Promoteuren, Banquieren an Dokteren an enger Bedreiwergesellschaft (...) zesummen”. Et wéisst een net méi, ob et Investisseure wieren, déi am Gesondheetswiese wéilte matspillen oder Dokteren, déi zu Investisseure wéilte ginn. Hien huet de Sproch “Schuster bleib bei deinen Leisten” zitéiert a sot, Doktere sollen “eng gutt Medezin” maachen a Promoteure sollen “zu raisonnabele Präisser bauen”.
Mir hunn de Mars Di Bartolomeo e Mëttwoch de Moien domadder konfrontéiert, datt et no 20 Joer LSAP-Regierungsbedeelegung tëscht 2004 an 2013 nach ëmmer e Manktem un Doktere gëtt, d’Infrastruktur kaum nokënnt an d’Gesondheetskeess e finanziellen Defizit huet.
Hie sot, hien hätt ewéi en 2004 Gesondheets- a Sozialminister gouf, och e finanziellt Lach bei der Krankekeess hannerlooss kritt an zwar vun der viregter CSV-DP-Juncker-Polfer-Regierung. D’CNS wier e Chantier, ëm deen ee sech “dauernd” muss këmmeren, mee hien huet betount, datt et “zanter laanger Zäit Bäitragsstabilitéit” géing gi bei all de Sozialkeesen. An anere Wierder: datt d’Cotisatioune stabel bliwwe wieren.
De Member vun den CSV-LSAP-Juncker-Asselborn-Regierungen am Ufank vum Joerdausend huet seng Gesondheetsreform, seng Pensiounsreform, seng Reform vun der Assurance-Accident an d’Aféiere vum Statut unique - fir deen d’Betriber “dankbar” wieren - opgezielt, fir ze soen: “Et soll kee mir kommen, datt ënner sozialistescher Bedeelegung an der Regierung näischt geschitt wier!” Fir hie wier et eng “Leier” an amplaz “Scholdzouweisungen” ze maachen, misst een “d’Saachen upaken”.
De Mars Di Bartolomeo huet sech e Mëttwoch de Moien dann enttäuscht gewise vum Marc Spautz, deen am Dezember de Georges Mischo als Aarbechtsminister ersat huet. Den LSAP-Deputéierten huet him virgeworf, bei der Fro vum Mindestloun “ronderëm ze eeëren”, hat selwer dunn awer Schwieregkeeten, ewéi hie probéiert huet, op humoristesch Aart a Weis ze soen, datt de Marc Spautz, elo wou en net méi CSV-Fraktiounschef ass, mee Minister, ebe géing “ronderëm eeëren”.
De Marc Spautz sot awer d’lescht Woch bei eis op der Telee, d’Regierung géing virun Ouschtere sech positionéieren. De Mars Di Bartolomeo sot, den neie Minister hätt “d’Primme vum nei sinn a méi sympathesch eriwwer ze kommen”. Wat awer géing zielen, wier “wat hannendrun erauskënnt”.
Den nach neien Aarbechtsminister hat bei eis och drop higewisen, datt de Mindestloun indexéiert ass an all zwee Joer un d’generell Lounentwécklung ugepasst gëtt. Hei huet den Oppositiounsdeputéierte betount, datt dat gesetzlech och virgesinn ass. Dem Mars Di Bartolomeo no sollen zwou Saache besonnesch Rechnung gedroe ginn: datt Leit mam Mindestloun wéinst der dramatescher Situatioun um Wunnengsmaart schwéier iwwer d’Ronne kommen an datt kleng Betriber riskéieren, Schwieregkeeten ze kréien, wa se méi Loun musse bezuelen.
Invité vun der Redaktioun: Mars Di Bartolomeo
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.