Aarbechtsminister Dan KerschKee kritt am Chômage partiel manner wéi de Mindestloun

Claude Zeimetz
Maxime Gillen
Donieft huet den Aarbechtsminister um Freideg matgedeelt, datt a 14 Secteuren elo eng Aarbechtszäit vu 60 Stonnen d'Woch erlaabt ass.
Kee kritt am Chômage partiel manner wéi de Mindestloun
Donieft huet den Aarbechtsminister um Freideg matgedeelt, datt a 14 Secteuren elo eng Aarbechtszäit vu 60 Stonnen d'Woch erlaabt ass.

Wéinst der Corona-Kris goufen e Freideg de Moien am Regierungsrot weider Mesuren an der Wirtschaft geholl. E Freideg am Nomëtteg huet de Vizepremier an Aarbechtsminister op enger Pressekonferenz Detailer genannt.

Kersch iwwer Aarbechtsrecht / Reportage Dany Rasqué

Chômage partiel

Bis ewell sinn elo scho bal 7.000 Demanden op Kuerzaarbecht gestallt ginn. Eng Rei Demandë konnten ofgewéckelt ginn. Wéi vill huet den LSAP-Minister net präziséiert. Et wieren awer och eng Rei Betriber, deenen hir Donnéeën net komplett sinn an dowéinst nobessere mussen. Un d'Entreprisen ass et den Appell hir Demande fir Chômage partiel via en neie Formulaire op guichet.lu ze maachen.

PDF: Déi wichtegst Informatioune

Back to Top
CIM LOGO