
Nodeems et Ufank des Jores eng weltwäit Réckruffaktioun vu Puddermëllech gouf, ass duerch e Feeler an der Distributiounsketten de Produit "Nutrilon PROfutura 1" nees op de Marché komm. Dat mellt d'Liewensmëttelsécherheet a gëtt an deem Kontext op en Neits e Réckruff eraus.
Zeréckgeruff gëtt deeno d'Puddermëllech fir Puppelcher PROfutura 1 vun der Mark Nutrilon, well hei méiglecherweis Cereulid kéint am Produit ze fanne sinn, dat duerch de Mikroorganismus Bacillus cereus produzéiert gëtt. Dëse Produit gouf a méi Geschäfter am Land verkaf.
All weider Detailer stinn op LU-Alert.lu.