
Den Deputéierte vum däitsche Bundesrat, de Patrick Schnieder, schreift op Facebook, dass et eeschthaft Hoffnung gëtt, dass Däitschland d’Grenze mat Lëtzebuerg a Frankräich nees opmécht.
Den däitschen Inneminister Horst Seehofer huet an engem Telefonsgespréich mam CDU-Fraktiounschef Christian Baldauf ganz hoffnungsvoll Signaler ginn, dass d’Grenz mam Grand-Duché an och mat eise franséischen Noperen nees opgemaach gëtt.
Et wier nach näischt definitiv decidéiert, allerdéngs hätt een an deem Gespréich den Androck kritt, wéi wann d’Kontrollen nom 15. Mee net méi géife verlängert ginn.
Dëst wier eng grouss Entlaaschtung fir all d’Mënschen an der Grenzregioun an e wichtegt Zeechen an Europa, esou de Patrick Schnieder weider.
An engem Communiqué mellt och de Landrat Günther Schartz, dass hien dëst aus Regierungskreesser matkritt huet.
Och d’EU-Kommissioun wëll déi ëmstridden Grenzkontrollen wéinst der Corona-Kris, lues a lues nees ofschafen. Eng deementspriechend Recommandatioun un déi concernéiert Memberlänner soll um Dënschdeg zu Bréissel presentéiert ginn.