
Zanter dem Ufank vum Joer si 25 deboutéiert Demandeurs d’asile vu Lëtzebuerg aus nees zréck an hir Heemechtslänner geschéckt ginn, dovunner waren dräi Retoure forcéiert. Déi meescht vun dëse Leit sinn zréck an Nord-Mazedonien gereest, mee och a Kolumbien, Venezuela an de Kosovo.
D’Zuel vun de Leit, déi hei am Land bis Februar eng Demande gestallt hu fir den internationalen Flüchtlings-Statut ze kréien, ass iwwerdeem staark erofgaangen: zejoert waren dat eng 360 Persoune bannent 2 Méint - dëst Joer nach eng 210 Leit.
Vun den Demandë gouf d’Hallschent refuséiert oder konnt net traitéiert ginn, wëll d’Lëtzebuerger Autoritéiten net kompetent fir d’Uleies sinn. Déi meeschte Leit, déi am Grand-Duché Asyl gefrot hunn, koumen aus Syrien, Eritrea, Afghanistan an Algerien.