Déi meescht vun dëse Gefierer fueren awer nach ëmmer mat Diesel. Dat soll sech iwwert déi nächst Joerzéngten awer änneren. D’Europäesch Unioun huet sech ambitiéis Klimaziler ginn a wëllt den Transportsecteur no an no dekarboniséieren. Och Lëtzebuerg wëllt – an zum Deel - muss do mathalen.
Op enger Konferenz an der Chambre de Commerce goufen dofir en Dënschden déi nei staatlech Ënnerstëtzungsmesurë presentéiert. Si sollen Entreprisen aus dem Logistik- a Transportsecteur dozou bréngen, op Camionen, Camionnetten, Trakteren oder Busser ouni Emissiounen ëmzedisponéieren – zum Beispill op elektresch.
Fir de Wirtschaftsminister Lex Delles ass déi energeetesch Transformatioun och eng Fro vun der ekonomescher Sécherheet. Geopolitesch Tensiounen an international Konflikter weisen ëmmer nees, wéi staark Europa nach vun externen Energiequellen ofhängeg ass.
„Ech mengen, datt ee grad an dësen Zäite gesäit, wéi wichteg d’Resilienz vu Lëtzebuerg ass. Wéi wichteg d’Resilienz vun Europa ass. Mir si vulnerabel par rapport zu Decisiounen, déi net Lëtzebuerg, net d’EU hëllt“, seet de Lex Delles. Konflikter an der Welt hätten en direkten Impakt op Energiepräisser – an domat och op d’Präisser op der Pompel hei am Land.
D’Elektrifizéierung vum Transport kéint dobäi hëllefen, dës Ofhängegkeet ze reduzéieren an d’Notzung vun erneierbaren Energien ze stäerken.
Konkret huet d’Regierung zwee nei Opriff fir Projete lancéiert. Si riichte sech u Betriber aus dem Transportsecteur, déi an emissiounsfräi Gefierer investéiere wëllen.
Ronn 10 Milliounen Euro un Aidë si fir dës Mesure virgesinn. Domat kéinte – Schätzungen no – ongeféier 50 Gefierer matfinanzéiert ginn. D’Subventioune sollen dobäi d’Differenz tëscht engem Dieselcamion an engem Camion ouni Emissiounen deelweis ausgläichen.
Net nëmme grouss Transportgefierer kommen a Fro. Och Camionnetten oder Gefierer fir kuerz Strecken kënnen an de Programm integréiert ginn.
„Dat kënne verschidde Camionnettë sinn. Dat kënnen awer och grouss Camione sinn, Laangstrecke-Camionen“, erkläert den Daniel Kohl vum Cluster for Logistics Luxembourg. Fir de Secteur wier et wichteg, déi éischt praktesch Erfarungen ze sammelen. „Et ass och wichteg, datt d’Camioneuren déi éischt Erfarunge punkto Elektromobilitéit sammelen, fir ze kucke wéi muss ëmdisponéiert an organiséiert ginn.“
Am Transportsecteur selwer wäert d’Ëmstellung awer nach eng Zäit brauchen. Elektresch Camione sinn nach ëmmer däitlech méi deier wéi traditionell Dieselgefierer. Dobäi kann de Kafpräis vun engem batterieelektresche Camion bis zu 150 Prozent iwwer deem vun engem Dieselcamion leien. Fir Entreprisen bedeit dat net nëmmen eng grouss finanziell Investitioun, mee och eng Reorganisatioun vu Liwwerungen.
„Emissiounsfräi Camione sinn an eisem Beräich ëmmer nach eppes Spezielles“, seet de Ben Frin, Finanzdirekter beim Logistikbetrib Arthur Welter Transports. „Dat bedeit vill Efforten am Dispatch an och am Finanzement.“
Nieft de Käschten ass och d’Autonomie vun de Gefierer eng Erausfuerderung. Wärend Dieselcamionen bis zu dausend Kilometer ouni Tanke fuere kënnen, ass d’Reechwäit vun elektresche Gefierer nach méi limitéiert.
„Mat engem batterieelektresche Camion éischter 400 bis 500 Kilometer“, erkläert de Ben Frin. „Dat heescht, ech muss vill méi dacks a méi laang stoe bleiwe fir ze lueden. Dat bedeit fir eis méi Pause fir de Chauffeur an domat och méi Käschten a manner Punktualitéit.“
Dobäi kennt, datt d’Camionen duerch hir schwéier Batterien och méi schwéier sinn. Dat kann dozou féieren, datt d’Transportlaascht liicht reduzéiert muss ginn.
Nieft de Gefierer selwer spillt och d’Lued-Infrastruktur eng entscheedend Roll. Op EU-Niveau ass virgesinn, datt bis 2030 op den Haaptverkéiersachsen all 60 Kilometer Lued-Statioune fir schwéier Gefierer verfügbar sinn. Och Lëtzebuerg wëllt säin Deel dozou bäidroen a schreift parallel Projete fir Lued-Infrastrukturen aus.
Eng aner Erausfuerderung bleift awer de Präis vum Stroum. Transportfirme kritiséieren, datt d’Tariffer vun enger Statioun zur anerer staark variéieren an dacks net transparent sinn. Fir international Transporter mécht dat d’Plange vun Trajete méi komplizéiert.
Trotz dësen Erausfuerderungen ass fir vill Acteuren aus der Branche kloer: Den Iwwergang zu emissiounsfräie Camionen huet eréischt ugefaangen. Mat staatlecher Ënnerstëtzung, technologesche Fortschrëtter an enger besserer Infrastruktur kéint sech de Secteur iwwert déi nächst Joerzéngten awer lues a lues upassen.