
D'Oppositioun beschwéiert sech geschlossen, datt si net eescht geholl gëtt, notamment bei parlamentaresche Froen. Am Kräizfeier vun der Kritik stoung nieft der Regierung virun allem de Chamberpresident Fernand Etgen.
Haaptthema vun der Diskussioun ware parlamentaresch Drénglechkeetsfroen, bei deenen d'Urgence net unerkannt gëtt, normal Questions parlementaires, déi net validéiert ginn oder bei deene mam roude Bic derduerch gefuer gëtt. D'Oppositioun fillt sech ëm hir parlamentaresch Rechter beschnidden a mécht zolidd Reprochen un d'Adress vum DP-Chamberpresident Fernand Etgen.
D'CSV huet an där Saach besonnesch de Chamberpresident Fernand Etgen attackéiert, hie wier net objektiv a géif bei Decisiounen d'Positioun vun der Regierung vertrieden. Am däitlechste war am Cercle den CSV-Deputéierte Gilles Roth.
Gilles Roth: "Dir sidd mat där Aufgab total iwwerfuerdert. Dat, wat Dir hei zum Beschte gitt, geet net. Et ass net un Iech ze decidéieren, ob mir mat Froen d'Regierung belästegen an ob Dir Iech e Spaass draus maacht, fir Froen z'acceptéieren oder och net z'acceptéieren."
An der Corona-Kris wiere 17 Drénglechkeetsfroe vun hirer Fraktioun gestallt ginn, ma just eng wier ugeholl ginn, bedauert d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen.
Martine Hansen:"Mir hunn d'Gefill, datt Dir Iech un d'Positioune vun der Regierung ralliéiert a keng objektiv Analyse vun der Urgence maacht. Dat ass fir eis net acceptabel."
All Buschtaf a Wuert misst ëmgeännert ginn, fir datt normal Froe validéiert géinge ginn, beschwéiert sech och den ADR-Parlamentarier Gast Gibéryen.
Gast Gibéryen:"Dir formuléiert eis dann an d'Zukunft d'Questions parlementaires an da soe mir: et ass gutt esou oder ännert se nach ëm. Bis elo ass et esou, dass nach ëmmer den Deputéierte seng Questions parlementaires formuléiert."
Déi Lénk an d'Pirate bekloen sech änlech, wéi déi aner Oppositiounsvertrieder. De Chamberpresident Fernand Etgen explizéiert, datt Questions urgentes zum Beispill dacks ze laang formuléiert géinge ginn.
Fernand Etgen:"Wann ee gären hätt, datt d'Urgence soll unerkannt ginn, da soll een d'Haaptfro op dat beschränken, wat soll urgent sinn. Et soll een net komplementar zur Haaptfro nach eng ganz Rei Ënnerfroe stellen, wou ganz dacks Statistike gefrot ginn, a wou et fir d'Regierung dacks onméiglech ass, fir an der Gesamtheet doropper ze äntweren."
Eng vu méi Äntwerte vum Chamberpresident, déi d'Oppositioun net zefridde gestalt huet. Baussent dem Parlament schreift den CSV-President Frank Engel souguer op Facebook, de Fernand Etgen wier inkompetent, hätt näischt op deem Poste verluer an hie wier eng Entwierdegung vum éischte Pouvoir.

