Vun elo un dierf Hydroxychloroquine zu Lëtzebuerg net méi fir den Traitement vu Covid-19-Patienten agesat ginn.

Hydroxychloroquine dierf och net méi an der Etüd Discovery, wou 4 Medikamenter op hir Wierkung géint eng Infektioun mam Sars-CoV-2 getest ginn, agesat ginn. Dat huet d'Direktioun vun der Santé RTL op Nofro hi confirméiert.

Rezent Etüden hu gewisen, datt d'Medikament net wierkt a Patienten zousätzlech Häerzproblemer kënne kréien.

Remdesevir, e Medikament dat géint Ebola entwéckelt gouf a wou éischt Etüde weisen, datt et och beim neie Coronavirus wierkt, gëtt zu Lëtzebuerg schonn a méi kritesche Fäll a Spideeler agesat. Déi amerikanesch Firma Gilead, déi de Wierkstoff produzéiert, géif Lëtzebuerg d'Provisioun garantéieren.