
No der Annonce d’lescht Woch, datt d’SES hir Aktivitéiten an Europa restrukturéiert, hat den CSV-Deputéierte Laurent Mosar eng Rei Froen un de Premier. Dorënner déi, ob d’SES a Gefor wier vun enger feindlecher Iwwernam a wat d’Regierung géing dogéint ënnerhuelen.
„Dat geet net esou einfach“, sou d’Äntwert vum Xavier Bettel. De Premier huet erkläert, datt d’SES iwwert eng Konzessioun géing lafen. Dowéinst misst d’Regierung e „Go“ gi fir esou eng Iwwernam.
Zur Fro ob d’SES tatsächlech hir Aktivitéiten an 2 splécke géing – engersäits Video an anerersäits Data oder Network – huet de Xavier Bettel matgedeelt, datt dat aktuell géing „analyséiert“ ginn an hie wéilt d’Resultat vun deenen Analysen ofwaarden.
Virun enger Woch hat d'SES annoncéiert, datt d’europäesch Aktivitéite restrukturéiert ginn. 15% vun den 2.200 Salariéë wiere betraff. An anere Wieder: een Deel vum Personal kéint an d’Prepensioun, anerer kréichen eng Plaz op engem anere Standuert proposéiert an anerer ginn entlooss. Och déi 600 Salariéë bei der SES hei zu Lëtzebuerg kéinte vun der Restrukturéierung betraff sinn.
De Xavier Bettel sot, d’Regierung wier ni glécklech iwwert e Sozialplang, mä hien huet och erkläert, wéi de Kontext am Geschäft vun de Satellittebedreiwer geännert huet an e private Betrib eben net kéint „à perte“ fonctionéieren. Am Géigesaz zu deem wat de Laurent Mosar behaapt huet, géingen d’Direktioun an d’Personal bei der SES aktuell dialogéieren. Laangfristeg géing d’SES souguer hei am Land gär méi astellen, mä an anere Beräicher, sou nach de Premier.