
Dat hollännescht Croisièresschëff, op deem de geféierlechen Hantavirus ausgebrach ass, ass e Sonndeg de Moien zu Teneriffa ukomm. Hei ginn déi ronn 150 Passagéier nach eng Kéier ënnersicht an dann a Gruppe vu 5 u Land, respektiv direkt op de Fluchhafe bruecht. Vun do aus gi si dann an hir Heemecht bruecht. D‘Volle ginn an d‘USA, Groussbritannien an a 5 europäesch Länner.
D‘Weltgesondheetsorganisatioun schwätzt vu Passagéier, déi als Héich-Risiko-Kontakter gëllen an e Suivi vun 42 Deeg brauchen.
A Frankräich huet de Premier Sébastien Lecornu fir e Sonndeg eng Reunioun aberuff, fir de Point zur Situatioun vum Hantavirus ze maachen. Mat derbäi sinn ënnert anerem d‘Santésministesch Stéphanie Rist, den Inneminister Laurent Nuñez an den Ausseminister Jean-Noël Barrot. Um Schëff si 5 Fransousen, déi bannent den nächsten zwee Deeg solle rapatriéiert ginn.