D'Gesetz iwwer den Infirmiersberuff (Infirmier en soins généraux) ass iwwer 30 Joer al. An déi geplangt Reform, ass eng Reform déi näischt reforméiert. Se stellt keng Wäiche fir d'Zukunft, kritiséiert d'Anne-Marie Hanff. D'Presidentin vun der ANIL, der nationaler Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren, war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
Lëtzebuerg huet e fragilt Gesondheetssystem. Mir hunn eng Penurie a gläichzäiteg hate mer eng Pandemie. Elo stéing den Hantavirus nach virun der Dier. An u sech wier et d'Iddi vun der EU-Kommissioun gewiescht, fir de System méi resilient ze maachen, erkläert d'Anne-Marie Hanff. "Déi Chance, déi ass elo verpasst ginn."
An der Etüd Lëtz'Care vun 2021 wier erauskomm, dass d'Infirmièren hei am Land 40 Prozent vun hirer Aarbechtszäit mat Paperassen an administrative Saache verléieren, amplaz um Bett vum Patient. Dofir war et d'Fuerderung, dass d'Infirmière méi Autonomie kréien, fir hir Zäit méi effikass ze notzen. Eng Infirmière, déi um Héichschoul-Niveau forméiert ass, dierft mol keng Herpes-Crème ginn ouni Ordonnance vum Dokter. Dat wier soss een "Exercice illégal de la médecine", obwuel si dofir ausgebilt wieren. "Mir hu jo deemools och gefuerdert, dass eis Formatioun vum Niveau hir gehuewe gëtt, net nëmmen, well mir wollten en aneren Diplom hunn, mee well mir och déi Responsabilitéiten am Alldag haut schonn droen." Dat géing haut schonn dacks an Altersheemer dozou féieren, dass d'Leit onnéideg leiden. "Mir fuerdere wierklech einfach nëmme Saachen, déi mer haut am Fong scho maachen, fir dass d'Infirmière mol legal ka schaffen."
A Frankräich wier et och schonn esou, dass d'Infirmière Prescriptioune maache ka vum Material, Fleegematerial, wat si haut scho brauch, fir dass d'Leit do net méi musse bei den Dokter rennen oder waarde mussen. D'Gesondheetsministesch hat argumentéiert, dat wier fir den "Infirmier en pratique avancée", mee dat wier nach eppes ganz anescht, erkläert d'Invitée. Dat wieren Infirmièrë mat Master-Niveau a vill Erfarung.
E weidere Kritikpunkt wiere Grozonen, déi am aktuelle Gesetzestext dra sinn. Deelweis stéingen Akten zweemol dran. Also eng Kéier dierft d'Infirmière et maache mat Ordonnance an eng Kéier ouni Ordonnance. Dat wier warscheinlech e Feeler. Donieft Formulatiounen, wéi dass d'Infirmière misst sécherstellen, dass den Dokter "en mesure d'intervenir" ass. Do freet sech d'Invitée: "Also wat heescht dat? An ass dat wierklech eis Responsabilitéit ze kucken, dass den Dokter capabel ass ze intervenéieren? Muss dee sur place kommen? Muss en, geet et duer, wann en den Telefon ophieft?"
Et géing een immens vill Parallellen zur Pensiounsreform gesinn, fënnt d'Anne-Marie Hanff. Och do wier den Avis vu ville Leit gefrot ginn, mee schlussendlech net consideréiert ginn.
Dës Reform wier ënner Zäitdrock entstanen. D'EU-Kommissioun hat een Delai gesat bis Enn September d'lescht Joer. D'Aarbechtsgruppen hätten awer eréischt am Juni ugefaangen. An der Summervakanz wieren éischtens vill Leit net do an zweetens misst ee Reunioune gutt preparéieren, wann een am Zäitdrock ass. Dat wier net de Fall gewiescht, kritiséiert d'ANIL. Et wiere keng Expertisen am Virfeld gemaach ginn, et hätt ee sech déi ganzen Zäit am Krees gedréint. A weder d'ANIL nach aner Acteuren hätten jee hir Zoustëmmung gi fir dëse Projet de loi. Et hätt een Avise schrëftlech eraginn an och Entrevuë mat der Ministesch gehat an dofir géing een och net verstoen, firwat een net méi gehéiert géing ginn, sou d'Anne-Marie Hanff.
"Mir vertrieden d'Infirmièren, mee mir si selwer och Member vun dëser Gesellschaft, mir si Familljememberen, mir erliewen de Status quo mat a mir wësse wat ee kéint besser maachen a mir setzen eis am Fong just fir eng verbessert Patienteversuergung an. An jo, déi Stëmm vun den Infirmièren a vun de Betraffenen, déi gouf do konsequent ignoréiert."
Den Avis vum Staatsrot wier elo sou séier do gewiescht, schonn de 5. Mee, obwuel eigentlech bis den 20. Mee Zäit war. Dofir stellt sech d'ANIL d'Fro, ob si iwwerhaapt eng komplett Prise de position hätte kënne maachen, well si si hätte mol net d'Avisen ofgewaart, déi si selwer ugefrot haten, kritiséiert d'Presidentin. Dofir kéint de Staatsrot vläicht nach eemol seng Aarbecht komplett maachen. Et wier och wichteg, dass d'Deputéiert, och vun der Regierungsmajoritéit, dëse Gesetzprojet net einfach matstëmmen, sou d'Anne-Marie Hanff.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.