D'Zuel vun de Coronavirus-Nei-Infektiounen hei am Land geet nees erop.

D'Santé mellt de Freideg den Owend 22 nei Corona-Fäll zu Lëtzebuerg, bei knapp 5.700 Tester, déi gemaach goufen.

D'Zuel vun den aktiven Infektioune klëmmt op 85. Et leie 14 Leit am Spidol an eng Persoun ass op der Intensivstatioun. D'Zuel vun Doudesaffer bleift bei 110 Persounen. D'effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,94 an dobäi also nees ënnert der Valeur 1.

Paulette Lenert am Interview/Reportage Maxime Gillen

Wéi d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert am RTL-Interview erkläert, kéint een trotz dësen Zuele vun Nei-Infektiounen, déi lues vun Dag zu Dag eropginn, net vun enger Tendenz schwätzen. Et wier och fir den Ament ze fréi, fir kënnen ze soen, datt Lëtzebuerg virum Ufank vun enger zweeter Covid-19-Well stéing. Fir esou eng Ausso ze maachen, misst een de Verlaf vun den nächsten Deeg ofwaarden.

An obschonn een am Ausland ëmmer erëm vu gréisseren Haussë bei den Infektiounen héiert.

"Natierlech ass eng Tendenz an Europa. D'Zuele ginn iwwerall liicht erop. Mä hei am Land kann ee beim Zuelestand haut net de Schloss zéien, dass mir eng 2. Well enclenchéiert hätten. Dofir misst sech awer elo nach eppes doen an den nächsten Deeg an et misst ee gesinn, dass och elo nach aner Infektiounsherden entstane sinn. Am Moment erkläert et sech wierklech duerch ee groussen Evenement, deen ausserhalb vun deem Kader, dee gegollt huet, stattfonnt huet.", erkläert d'Paulette Lenert e Freideg.

Vun enger zweeter Well schwätzt een, wann et vun enger Woch op déi aner eng Hausse vun 10% gëtt.

Egal wéi wier d'Gefor vum Ustieche weider akut, den Deconfinement oder d'Enn vum Etat de crise wiere keng Ursaachen, fir och nëmmen eng vun den Distanz- an Hygiènesreegele méi labber ze praktizéieren oder à la légère ze huelen, sou d'Paulette Lenert, déi op déi héich Responsabilitéit vu jiddwer Eenzele verweist.

D'Tendenz no uewen an déi méi héich Zuele loosse sech absënns op ee "cluster" zeréckféieren. Nämlech eng privat Familljefeier virum Weekend vu Mammendag - en Zesummekommen, dat zu deem Ament u sech illegal war a wou bis zu 70 Leit op enkem Raum matenee gefeiert hunn. Um Enn hate sech 24 Persoune mam Virus infizéiert, duerch Zoufall ass een op dëst Event gestouss.

Dat géif weisen, dass den Deconfinement keen Zeechen dofir wier, dass d'Gefor manner wier, esou d'Ministesch: "Et ass just e Go fir méi Aktivitéiten, fir méi Normalitéit. Wann een et fäerdegbréngt, als Gesellschaft zesummen déi Gestes barrières jidderee fir sech ze respektéieren, da bräicht ee sech eigentlech keng gréisser Suergen ze maachen. Mä domadder steet a fält alles. Et ass ganz vill Responsabilitéit beim Eenzelen. Wann natierlech esou Praxissen, wéi déi do, wou Leit dat wierklech à la légère huelen an a grousse Gruppen zesummekommen, ouni op Distanz opzepassen, ouni en Iwwerbléck ze halen, mat wiem si zesumme waren, dat ass bei deem heiten Incident wierklech och e Problem, mä mir wësse Stand haut nach net genau, wéi vill Leit op deem Fest waren, well d'Aussoen, déi ginn auserneen. Déi eng schwätze vu 50, déi aner vu 70. Wann dat an esou Parameteren erageet, ass et natierlech schwéier, fir hannendrun eng seriö Aarbecht ze maachen, fir déi Kontakter ze identifizéieren."

E gudden Tracage wier iwwerdeem bei anere positive Fäll méiglech gewiescht, sou d'Paulette Lenert géintiwwer vun RTL, well dës a Betriber geschitt waren.

"Dat war eng Kéier an engem Supermarché, wou mer 5 Infektiounen haten, wou d'Leit wierklech ganz, ganz gutt matgeschafft hunn, fir hir Kontakter z'identifizéieren. Dat kritt een dann och wierklech agebündelt. Et war eng Kéier eng Transportfirma, déi mir haten, mat engem Fall, wou 8 Kontakter waren. Dat ass och ganz iwwerschaubar a krute mir gutt an de Grëff. Dat heescht an de Betriber ass vun eis aus nach wierklech guer näischt Beonrouegendes ze observéieren. D'selwecht och an de Schoulen. Do sinn ëmmer erëm Eenzelfäll, mä dat ass awer an der Reegel och esou, dass kee sech an der Schoul ugestach huet, mä éischter, dass dat vu baussen eragedroe ginn ass. An dat war bis elo och ganz iwwerschaubar."

Och a Schoule wieren et der Gesondheetsministesch no déi lescht Wochen iwwer Fäll vu positiv geteste Schüler ginn, dëst wieren awer Eenzelfäll an d'Situatioun "iwwerschaubar".

D'Zuel vun den neien Infektioune géif der LSAP-Ministesch no wuel och déi nächst Deeg nach an d'Luucht goen, vun en Donneschdeg op e Freideg wéi gesot e Chiffer vun 22 Leit an domat fir d'éischte Kéier nees esou eng staark Hausse op een Dag zanter Enn Abrëll.

Zanter Abrëll haten der Ministesch no vun de positiv geteste Leit 55% effektiv och déi typesch Symptomer, deen Trend wier dann och konstant.

De Rescht wier virop duerch de Large Scale Testing fonnt ginn oder well dës Leit beim Tracage fonnt goufen, ouni awer wierklech Symptomer ze hunn.

Vun nächster Woch u sollen et dem Paulette Lenert no iwwerdeem och méi Detailer iwwert d'Typologie vun de positiv geteste Leit ginn.