
E Samschdeg de Moie gouf eng Patrull vun der Police an der Rue Joseph Junck op der Stater Gare op e Mann opmierksam, de verdächtegt gouf, illegal Drogen ze verkafen. Aus deem Grond gouf hien och kontrolléiert. Beim Duerchsiche vum Mann konnten Ecstasy-Pëllen a Boergeld séchergestallt a saiséiert ginn. Op Uerder vum Parquet gouf d’Persoun festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.
Den Dag drop, e Sonndeg de Moien, gouf der Police dann an der Rue des Bains an der Stad eng Posch gemellt, an där méiglecherweis Droge sollen dragewiescht sinn. De presuméierte Besëtzer vun der Posch konnt kuerz Zäit drop vun der Police hei ugetraff ginn. Well dëse sech suspekt beholl huet, gouf decidéiert, de Mann ze duerchsichen. Bei der Kontroll goufe vun de Beamte Droge-Bulle séchergestallt. Och en Handy a Geld gouf saiséiert. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Drogendealer festgeholl a koum e Méindeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
E Freideg huet d’Police am Kader vu Kontrollen op der Stater Gare an an der Uewerstad Leit kontrolléiert, déi am ëffentlechen Transport an der Haaptstad ënnerwee waren. Am Fokus stoungen hei Déifställ. Hei gouf dunn eng Persoun ugetraff, géint déi e Mandat d’Arrêt bestoung. De Mann koum op Suessem an Untersuchungshaft. Bei der Kontroll waren dunn och nach zwou Persounen negativ opgefall, well se eng kleng Quantitéit Haschisch op sech haten. Hei ass et bei engem Protokoll an enger Verwarnung bliwwen.