Educatiounsminister presentéiert JugendrapportRegierung wëll Social-Media-Verbuet fir Jonker och ouni EU-Plang

Céline Eischen
Bei der Presentatioun vum Jugendrapport huet den Educatiounsminister Claude Meisch den Impakt vun de soziale Medien op d'Jugend betount.

D’Sozial Medien hunn een direkten Impakt op d’Liewen an d’Wuelbefanne vun de Jonken zu Lëtzebuerg. Dat constatéiert den nationale Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht fënnef Joer, deen e Méindeg vum Educatiounsminister Claude Meisch presentéiert ginn ass. 80% vun de Jonken tëscht 18-29 Joer si méi wéi 2 Stonnen den Dag op de soziale Medien aktiv.

Educatiounsminister presentéiert Jugendrapport
Bei der Presentatioun vum Jugendrapport huet den Educatiounsminister Claude Meisch den Impakt vun de soziale Medien op d’Jugend betount.

Jugendrapport - Reportage Céline Eischen

De Minister ënnersträicht, datt et deemno déi richteg Pist wier, fir de Gebrauch vum Smartphone an de Schoulen ze limitéieren a verstäerkt op analog Aktivitéiten ze setzen: “Et gëtt awer do nach deen een oder deen anere Reajustement, dee mer musse maachen. Op där enger Säit vill méi analog Aktivitéiten erëm ubidden an op där anerer Säit, do schwätze mer jo momentan ganz konkreet hei zu Lëtzebuerg an awer och an Europa, iwwer de Verbuet vu soziale Medien zum Beispill bis e gewëssenen Alter, fir einfach deene Jonken d’Chance ze ginn, hir Zäit och erëm analog kënnen ze verbréngen, mat Frënn Flottes kënnen ze erliewen an dorunner ze wuessen, als Mënsch ze wuessen.”

De Claude Meisch iwwert d’Conclusiounen déi een am Kader vum Rapport zitt

De Claude Meisch huet och confirméiert, datt d’Regierung ee Social-Media-Verbuet fir Jonker ënnerstëtzt an hir Verantwortung géif iwwerhuelen, wann ee sech op EU-Niveau op dem Sujet net séier genuch géif eens ginn.

De Rapport stellt fest, datt déi Jonk méi Ängschten hunn. Dat allgemengt Wuelbefanne geet domat erof: Ëmmer méi Jonker ginn un, sech manner gutt ze fillen a sech och méi Suergen ëm déi geopolitesch Situatioun an d’Gesellschaft am allgemengen ze maachen. Dofir géif och de Besoin fir méi sozial Offline-Interaktiounen eropgoen. Ëmmer méi Jonker hätten de Besoin fir sech méi offline ze begéinen, ma grad dës analog Treffen sinn an de leschte 5 Joer manner ginn. Aus dem Rapport geet och ervir, datt d’Gefill vun Angscht bei deene Jonken zouhëlt: Op der éischter Plaz vun den Ängschten steet d’Suerg ronderëm ee Krich an Europa, duerno komme Krankheeten an Ängschte ronderëm d’Ëmwelt.

All fënnef Joer gëtt ee Rapport iwwer d’Situatioun vun der Jugend gemaach. Et ass déi véierte Kéier, datt d’Uni Lëtzebuerg am Optrag vum Bildungsministère esou eng Analys mécht. Och bei dëser Editioun war den Zenter fir Kanner- a Jugend Fuerschung vun der Uni Lëtzebuerg fir de Rapport zoustänneg.

De Jugendbericht am PDF

Back to Top
CIM LOGO