De Congé pour raisons familiales an de Chômage partiel hunn hir Spueren an de Bicher vum Sozialsystem hannerlooss.

De Congé pour raisons familiales oder de Chômage partiel ware Mesuren, déi gehollef hunn de Schued fir déi Lëtzebuerger Ekonomie duerch d'Coronavirus-Pandemie anzegrenzen. Ma si hunn awer och hir Spueren an de Bicher vum Sozialsystem hannerlooss. E Méindeg de Moien huet den zoustännege Minister Romain Schneider, an der Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber de Point gemaach.

Duerch de Coronavirus gëtt et bei der Sécurité sociale dëst Joer e Lach vu ronn enger Milliard Euro, wéi den LSAP-Deputéierte Georges Engel erkläert.

Georges Engel: "Dat kënnt virun allem doduerch, dass eng ganz Rei Mesurë geholl goufen, fir där Kris hei entgéintzewierken. Déi Mesuren alleguer zesummen, déi hu ronn 600 Millioune kascht. An da kommen nach eng Kéier 400 Milliounen derbäi, wat Moins-Recettë sinn, mat deenen ee gerechent hat, ma déi elo manner era kommen duerch d'Situatioun, déi am Ganzen erof gaangen ass, duerch de Chômage an déi manner gutt Reprise." Der Regierung no, géif et de Staatsfinanzen, trotz dësem enorme Réckgang bei der Sécurité sociale, nach ëmmer gutt goen an et krit een dat erëm opgefaangen. Dobäi rechent si awer mat enger zolitter Reprise fir d'nächst Joer. Fält dës méi kleng aus wéi erhofft, gesäit d'Situatioun, dem CSV-Deputéierte Gilles Roth no, scho guer net méi esou positiv aus.

Gilles Roth: "Beim sougenannte klassesche Staat hu mir ëmmer Defiziter. Mir hunn och net méi déi positiv Zuelen um Niveau vum Gemengesecteur. Wann dann dee Secteur, nämlech d'Sécurité sociale, wat ëmmer eis ganz ëffentlech Finanze verschéinert huet, wann deen och nach en den Eemer geet, da muss een sech seriö Gedanke maachen an et kann een net nëmme vun engem bloen Himmel schwätzen."

Sollt et deemno méi schlecht lafen, wéi geduecht, kéint dat och bedeiten, dass d'Cotisatioune fir d'Sozialversécherung missten ugepasst ginn, fäert den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement.

Sven Clement: "D'CNS ass e solidaresche System, wou am Zweiwel et e puer Leviere ginn, mä de Risiko, dass wa vill Leit nächst Joer krank sinn, eppes un de Cotisatioune géif geschéien, ass a mengen Aen do. Eppes wat ech definitiv géif problematesch fannen."

Eng weider Erkenntnis aus der Presentatioun vum Minister e Méindeg de Moie war, dass all d'Delaien, wéini zum Beispill d'Reserve vun der Renteversécherung opgebraucht sinn, ëm ronn 3 Joer no vir réckelen.