Éischten Informatiounen no war de Policeauto ënnerwee op en Asaz, wéi et an der Lonkecherstrooss zu enger Kollisioun mat engem anere Gefier koum. Duerch den Impakt vum Accident ass ee vun de Ween nach géint e weideren Auto gerannt, deen nieft der Strooss stationéiert war. Beim Accident ass en héije Materialschued entstanen.
De Chauffer vum Privatauto koum fir eng Kontroll an d'Spidol. D'Streck huet misste fir d'Dauer vun den Opraumaarbechte gespaart ginn.