Vëloswee Sennengerbierg-KierchbiergEng Partie Beem geha wéinst neier Waasserleitung

Luc Marteling
Awunner bedaueren, datt de Bëschwee doduerch u Charme agebousst hätt, d'Gemeng betount awer d'Noutwennegkeet vun den Aarbechten an huet och wëlles, nei Beem ze planzen.
Méi plakeg wéi virdrun: Op där enger Säit vum Wee duerch de Bësch goufen eng Partie Beem ewechgemaach.
Méi plakeg wéi virdrun: Op där enger Säit vum Wee duerch de Bësch goufen eng Partie Beem ewechgemaach.
© Luc Marteling

Déi ganz Atmosphär wier ruinéiert, esou en Här um Telefon. Hien hat RTL kontaktéiert, fir sech ze beschwéieren, datt um Wee vum Sennengerbierg op de Kierchbierg eng Rëtsch Beem geha goufen. De Grond wier eng Waasserleitung, déi vum Waassertuerm um Sennengerbierg aus verluecht géif ginn.

Ech verstinn d’Suerge vun de Leit, déi bedaueren, datt de Wee temporär u Charme verléiert.
Fréd Ternes, Buergermeeschter vun Nidderaanwen

Effektiv, wien an de leschte Wochen an Deeg um Wee, dee bei Spadséiergänger grad ewéi bei Cycliste beléift ass, ënnerwee war, deen huet matkritt, datt nawell am Bësch gewuddert gouf.

De goudronéierte Wee vermëttelt engem den Androck, matten an der Natur ze sinn, obschonn e quasi parallel zu der Tréierer Autobunn verleeft. Am Deel vum Parking um Sennengerbierg erfort ass de Wee awer zanter Kuerzem e gutt Stéck méi plakeg – op der Säit Richtung Autobunn goufen nämlech eng jett Beem, klenger an och méi zolitter, gehaen an oftransportéiert.

“D’Beem hu misse geha ginn, well op dëser Streck eng nei Waasserleitung vun der SEBES verluecht gëtt, déi de Waasserbehälter beim Flughafen alimentéiert. D’SEBES ass och de Maître d’ouvrage vum Projet”, erkläert de Fréd Ternes, Buergermeeschter vun Nidderaanwen, zu deem de Sennengerbierg gehéiert, op RTL-Nofro. Hie rechtfäerdegt och de Standuert: “D’Plaz, wou d’Leitung geluecht gëtt, ass leider déi bescht Alternativ gewiescht. D’Leitung muss ënnert der Autobunn lafen an dofir gouf vum Staat op enger festgeluechter Plaz e Fonçage ënnert der Autobunn duerchgefouert. Do ginn ausserdeem och aner wichteg Versuergungsleitungen, ënnert anerem Stroum, mat eriwwergeluecht.”

Ökopunkte gi kompenséiert

Dem Fréd Ternes no wieren d’Aarbechten autoriséiert gewiescht an e puer vun de Beem wieren och ewell no un hirem Liewensenn gewiescht: “D’SEBES huet fir dëse Projet eng Naturschutzgeneemegung ugefrot an ass dozou verflicht, déi néideg Ökopunkten ze kompenséieren. E puer vun de Beem, déi ewechgeholl goufen, waren ausserdeem um Enn vun hirem Liewenszyklus. An de kommende Joren hätten aus Sécherheetsgrënn souwisou eng Rei Beem laanscht dëse vill genotzte Wee misse geha ginn.”

Och eng Ofwäichung ënnert de Vëloswee wier dem Buergermeechter no net méiglech gewiescht, “well dee selwer als Damm ugeluecht ass, wéinst engem Réimerwee, deen drënner verleeft”.

“Wichteg a néideg Investitioun”

Bei engem gréissere Problem riskéiert de ganze Sennengerbierg, ouni Waasser do ze stoen.
Fréd Ternes, Buergermeeschter vun Nidderaanwen

De Fréd Ternes wëll awer no den Aarbechte kucken, ob a wéi een nei Beem kéint setzen, fir déi ze ersetzen, déi elo verschwonne sinn: “Soubal d’Leitung verluet ass, wäerte mir kucken, wéi no un der Tracéierung nei Beem kënne geplanzt ginn. Ech verstinn d’Suerge vun de Leit, déi bedaueren, datt de Wee temporär u Charme verléiert.”

Nawell wieren d’Aarbechten inevitabel gewiescht: “Gläichzäiteg ass d’Waasserversuergung vum Flughafen aktuell extreem knapp. Bei engem gréissere Problem riskéiert de ganze Sennengerbierg, ouni Waasser do ze stoen. Dëst ass also eng wichteg a néideg Investitioun an d’Infrastruktur.”

Back to Top
CIM LOGO