
“De Krich fënnt op eisen Tankstelle statt”, seet den Éierestaatsminister a fréieren EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker am RTL-Interview iwwert den Irankrich. De laangjärege Regierungschef schwätzt vun enger “totaler Explosioun vun den Energiepräisser”, bei där mer nach net op engem Enn ukomm wieren.
D’Attack vun den USA an Israel géint de Mullah-Regimm zu Teheran wier wéinst dem Behuele vun de Responsabelen am Iran wuel net z’evitéiere gewiescht, mee nawell awer e “Feeler”, sou de Jean-Claude Juncker. An och net mam internationale Recht kompatibel. Fir de fréieren CSV-Premier ass et zu dësem Ament guer net ofzegesinn, wéi een doraus erauskënnt. Vun engem Regimmwiessel, deen den Donald Trump den Iraner versprach hätt, géing all Zäit keng Rieds méi goen. Dobäi hätt den US-President dem Vollek d’Gefill ginn, Hëllef wier ënnerwee. An all zukünftegen Accord mat Teheran kéint an der Substanz nëmme méi schlecht sinn, wéi dat internationaalt Atomofkommes aus dem Joer 2015.
D’Leit an Europa géife wuel haut schonn déi héich Spritpräisser spieren. Ma fir de Jean-Claude Juncker sinn déi laangfristeg Konsequenze vum Krich am Noen Osten op d’Liwwerketten, op den Energiemaart an d’Liewensmëttelmäert haut nach net an de Käpp vun den Europäer ukomm. De Krich an déi vill aner Kricher weltwäit géifen awer ouni Zweifel zu enger “massiver Veronsécherung” féieren an dës “Veronsécherungsdynamik” géif dann hirersäits riskéieren, sech negativ op d’Weltwirtschaft auszewierken, argumentéiert de Ex-Premier. Mir géifen aktuell an enger “Welt vu verkneppte Konflikter” liewen.
Mat Bléck op d’Europäesch Unioun, huet de fréiere Kommissiounspresident op en Neits déi limitéiert Schlagkraaft op der aussepolitescher Bün vu Bréissel bedauert. Dem Donald Trump seng nei rezent Menace, der NATO de Réck ze dréinen, wëll de Jean-Claude Juncker net iwwerbewäerten. Den US-President hat sou Menace schonn x-mol an der Vergaangenheet geäussert. Hie géif dat dowéinst “an der Substanz” net sou eescht huelen. Den Donald Trump selwer géif et och net sou eescht huelen.