"De Sozialdialog muss an den nächste Wochen nach méi intensiv ginn." Dat sot d'Staatsbeamtegewerkschaft.

Dat huet d'CGFP ënnerstrach, nodeems den Nationalcomité eng éischte Kéier zënter dem Lockdown beienee war.

Op enger Tripartite, fënnt d'Gewerkschaft vun de Staatsbeamten, misst an Zukunft och iwwert méi kriddeleg Sujeten diskutéiert ginn, zum Beispill iwwert d'Budgetspolitik an d'Finanzéierung vun de Käschten, déi duerch d'Corona-Pandemie entstan sinn, respektiv nach entstinn.

De Romain Wolff

D'CGFP huet sech driwwer opgereegt, datt d'Beruffskammer vun de Leit aus dem ëffentlechen Déngscht beim neie Covid Gesetz erëm net gefrot ginn ass, fir en Avis ze schreiwen.

Donieft hätt d'CGFP hirem Minister, dem Marc Hansen, Mëtt Mee eng Lëscht ginn, mat enger Rei Mesuren, déi d'Gewerkschaft fir d'Exit-Strategie proposéiert hat.

D'Fuerderungen wieren net consideréiert ginn an iwwerhaapt kléngt et, wéi wann d'Stëmmung tëschent béide Säiten net déi Bescht wier.

D'CGFP hätt nach eng ganz Rei Bréiwer net beäntwert kritt, dat wier en der nach vum leschte Joer.

Mat Corona hätt dat also näischt ze dinn.