
Op d'mannst 16 Leit sinn e Méindeg bei engem Ongléck an engem Stolwierk am Weste vun der Tierkei ëm d'Liewe komm. 13 Leit wieren donieft blesséiert ginn, zwee vun hinne liewensgeféierlech, sot den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan. Et misst elo gekläert ginn, wéi et zu dësem "tragesche Virfall" konnt kommen. Bei den Ermëttlunge géing et och ëm d'Froe goen, "ob Négligence virlouch".
Eng hefteg Explosioun hätt um Terrain vum Habas-Wierk zu Aliaga eng 60 Kilometer nërdlech vun Izmir och e Brand ausgeléist. Bei Aarbechten, fir e Kessel auszetauschen, wier e Kran en en Héichuewe gefall, "wat eng Explosioun am Stolwierk, dat hannendru läit, ausgeléist huet", sot de Gouverneur vun der Provënz Izmir, de Süleyman Elban.
Op Biller vun der Onglécksplaz waren eng grouss Dampwollek a Flamen iwwer der Fabrik ze gesinn. Dem Buergermeeschter vun Izmir, dem Cemil Tugay, no waren d'Affer Aarbechter vum Stolwierk.
D'Oppositiounspartei DEM huet de Virfall als "inakzeptabel" bezeechent. D'Ursaache vun der Explosioun souwéi "all Négligence an all Versäumnisser bei der Opsiicht musse komplett transparent opgekläert ginn, a kee Responsabelen dierf ongestrooft bleiwen", fuerdert d'DEM. Aarbechterverbänn bekloen iwwerdeem, datt et am Wierk zanter laangem Sécherheetsproblemer géing ginn. Habas wollt sech op Nofro vun der Noriichtenagence AFP net dozou äusseren. Berichter vun der Zeitung "Evrensel" no sinn an de leschten zéng Joer op d'mannst 11 Aarbechter bei der Aarbecht an der Fabrik zu Aliaga ëm d'Liewe komm.