"Sou normal a sou sécher wéi méiglech. E Stufeplang vum Educatiounsministère soll dat an der Schoul méiglech maachen.

139 Kanner a Jonker tëscht 3 an 20 Joer goufen an de Covid-Tester virun der Schoulrentrée positiv op de Virus getest, dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch de Mëttwoch de Moien am Kader vun eiser Emissioun "Dir hutt d'Wuert". Kanner a Jonker, déi sech also an der Vakanz ugestach hunn. Um éischte Schouldag en Dënschdeg krute 7 Schüler matgedeelt, datt si sech ugestach hunn. Déi concernéiert Klasse goufen an de jeeweilege Schoulgebaier isoléiert an d'Elteren informéiert, sou wéi d'Prozedur dat virgesäit. Den Informatioune vum Claude Meisch no hu 40% vun de Schüler a 60% vun den Enseignanten d'Testoffer ugeholl.

Eng Suerg vun den Elteren de Mëttwoch de Moie war déi, wéi, ob a wéini déi speziell Congésdeeg gräifen, wann e Kand a Quarantän gesat gëtt, vulnerabel ass oder mat Symptomer doheem gehale gëtt. Hei sollen et geschwënn nach Prezisioune vum Minister fir d'Sécurité sociale Romain Schneider ginn. Sécher ass, de Compteur fir de Congé pour raisons familiales leeft net weider bei Covid a Quarantän bei engem Kand ënner 13 Joer. Fir aner Krankheete spillt de Congé pour raisons familiales regulär.

Elteren, deenen hir Kanner an eng Klass ginn, déi am Schoulgebai isoléiert gouf, mussen allerdéngs d'Betreiung selwer iwwerhuele fir déi Momenter, wou d'Kand soss an d'Maison Relais gaangen ass. Dat ass nämlech an deem Fall net erlaabt.

Eng kloer Kommunikatioun soll vun der Santé och zu de Symptomer kommen, ob déi d'Elteren oppasse mussen, fir hiert Kand net an d'Schoul ze schécken. Et dierft een net iwwerreagéieren a Schnapp a Kappwéi wieren net automatesch Corona, sot de Claude Meisch de Mëttwoch de Moien. Bei méi staarke Symptomer wéi Féiwer a staarkem Houscht géif e Kand grad elo awer net an d'Schoul gehéieren. Deemno ginn d'Elteren dozou encouragéiert, hir Kanner doheem ze loossen, wa se ee staark respektiv zwee méi liicht Symptomer hunn.

En anere Sujet de Mëttwoch de Moien: d'Lëften. Dat géif, den éischten Erfarungen no, gutt fonctionéieren, sou de liberale Minister. A Gebaier mat automatesche Belëftungsanlage misst ee sech am mannste Suerge maachen, sot de Claude Meisch, well hei permanent frësch Loft zirkuléiert.

Zanter der Rentrée sinn däitlech méi vulnerabel Schüler an Enseignanten zréck an d'Schoul komm. Heiansdo och mat spezielle Reegelen an a verschiddene Fäll FFP2-Masken. Schüler, déi eng medezinesch Indikatioun hunn, fir mussen doheem ze bleiwen, mussen natierlech vun der Schoul à distance betreit ginn, sou de Minister, deen op eng adequat Offer hält.

Adaptatiounen am Schoultransport hält de Minister net fir néideg. Och wann d'Schüler, wéi verschidden Nolauschterer soten, hei dacks openee kludderen.

"Dir hutt d'Wuert" mam Claude Meisch