E Freideg war eng Ekipp vun der Naturverwaltung um Wämper Séi fir ze kontrolléieren, ob et Verstéiss géint Ëmweltoplage gouf.

Dat well de Peegelstand méi niddreg ass wéi üblech.

D’Gemeng ass doropshin opgefuerdert ginn, d’Auslafe vum Séi ze stoppen, a rëm bis op den übleche Peegelstand ze fëllen. D‘Auslafen hätt awer net direkt eppes mat de Bauaarbechten am Kader vum Hotel- a Fräizäitkomplex ze dinn, sot eis de Buergermeeschter Henri Rinnen.

De Séi wier auslafe gelooss ginn, fir eng Pufferzone virum Wanter ze hunn. Allerdéngs wier een iwwert d’Grenz vun engem Meter erausgaangen, déi soss üblech ass.

D’Gemeng wollt méi déif goen, fir eng Kéier Aarbechten un der Schläiss ze maachen, déi net dicht wier, duerfir muss den Niveau awer méi déif ginn, wat muss fir d’éischt mat der Naturverwaltung a mam Waasserwirtschaftsamt gekuckt ginn.

Et well een de Séi awer och eng Kéier ganz botzen, en vue vum Touristekomplex, deen dohi kënnt. Dofir mussen dann awer déi néideg Autorisatiounen ugefrot ginn.

D’Auslafen ass elo emol gestoppt ginn, de Séi wäert sech also erëm lues a lues fëllen, bis op d'Pufferlimitt vun engem Meter.

Um Site gëtt d’nächst Woch da mam Chantier ugefaangen, et gëtt emol eng Clôture gebaut, fir de Rescht vun de Biotope ronderëm ze schützen.

D’Baggeraarbechten fir den Hotel- a Fräitzäitkomplex wäerte spéitstens Mëtt Oktober ufänken, esou de Buergermeeschter.

A 5 Joer soll de ganze Projet ofgeschloss sinn.