Vun e Freideg de Mëtteg 16 Auer u steet Lëtzebuerg an der Belsch op der rouder Lëscht.

Wéinst den héije Corona-Zuele musse Residenten aus dem Grand-Duché, déi méi wéi 48 Stonnen an d'Belsch reesen, vun e Freideg de Mëtteg 16 Auer un an eisem Nopeschland obligatoresch 14 Deeg a Quarantän. D'Nouvelle ass e Mëttwoch de Mëtteg komm a gouf eis vum Ausseminister Jean Asselborn op Nofro confirméiert.

Lëtzebuerg Risikogebitt an der Belsch / Rep. C. Zeimetz

Deemno kënne sech Frontalieren a Studente weider ouni Restriktiounen tëscht deenen zwee Länner hin an hier beweegen. Dat selwecht gëllt fir Persounen, déi just fir e kuerzen Openthalt, fir manner wéi 48 Stonnen, soe mer e Besuch oder fir akafen ze goen, eriwwer an d'Belsch fueren oder op Lëtzebuerg kommen. Eng Kéier kuerz de Weekend heem "Moie soen" kommen, ass deemno och no dësem Freideg fir d'Studenten erlaabt, ouni datt se duerno sech an hirer Studentewunneng a Quarantän setze missten.

En Donneschdeg de Mëtteg gouf dat a Gespréicher mam belschen Ausseminister Philippe Goffin sou beschwat, heescht et vum Lëtzebuerger Ausseministère.

All Persounen, déi méi laang wéi 48 Stonnen an d’Belsch reesen an all d'Belsch, déi no engem längeren Openthalt an engem Risikogebitt nees heem kommen, mussen awer strikt an eng Quarantän vu 14 Deeg an och en Test maachen. Donieft musse si an den 48 Stonne virun hirer Arrivée an der Belsch en Online- Formulaire, eng "Passenger Locator Form", mat perséinlechen Donnéeën ausfëllen, deen och schonn iwwert de Summer applizéiert gouf. Vu Reesen an de Grand-Duché, genee wéi aner Risikogebitter, déi rout klasséiert sinn, gëtt offiziell vum belschen Ausseministère ofgeroden.

Et ass déi éischte Kéier, datt de Grand-Duché vun de Belsch rout klasséiert gëtt. Am Juli ware mer nach op eng orange Lëscht gesat ginn.

Déi nei Lëschten hat den zoustännege Service public fédéral e Mëttwoch am fréien Owend virgestallt.

Op Nofro hin huet de Premier Xavier Bettel betount, dass d'Regierung un der Strategie festhält fir vill ze testen. Hien hätt léiwer gär Spideeler, déi net ausgelaascht sinn, ewéi net op enger rouder Lëscht ze stoen.

Extrait Xavier Bettel

Nieft der Belsch verschäerft och d’Schwäiz nees hir Restriktiounen. Dem Jean Asselborn no musse Lëtzebuerger Residenten nees vun der anerer Woch un a Quarantän, wa se an d’Schwäiz reesen. Dës Restriktioun géif an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg nees agefouert ginn, nodeems se réischt virun dräi Wochen opgehuewe gi war. Och en negative Corona-Test kann eng Quarantän an der Schwäiz net ophiewen.

Den däitsche Robert Koch-Institut huet, dach e bësschen iwwerraschend, d'Restriktiounen fir Lëtzebuerg e Mëttwoch den Owend net verschäerft. Dat obwuel d'lescht Woch d'Zuel vun den Neiinfektioune mat 107 Fäll op 100.000 Awunner largement iwwert de kritesche Seuil vu 50 geklommen war.

Schreiwes vum Ausseministère

Belgique: classification du Luxembourg comme zone rouge (24.09.2020)
Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennes

Dans le cadre des mesures pour lutter contre la pandémie du COVID-19, les autorités belges ont décidé le 23 septembre de classer le Luxembourg comme «zone rouge».

Un entretien entre le ministre des Affaires étrangères et européennes, Jean Asselborn, et le ministre belge des Affaires étrangères et de la Défense, Philippe Goffin, de cet après-midi a permis de clarifier que pour les résidents du Luxembourg, les séjours de moins de 48 heures en Belgique continuent à être possibles et qu'il n'y aura pas de restrictions aux frontières.

Pour les séjours qui dépassent les 48 heures, les personnes ayant une fonction essentielle ou une raison essentielle (liste complète sur https://www.info-coronavirus.be/fr/faq/) dont notamment les travailleurs frontaliers et les étudiants, ne seront pas soumis à des restrictions. À noter qu'il faut toujours être en mesure de justifier/documenter sa situation personnelle. Chaque personne qui entre en Belgique doit remplir le Passenger Locator Form (PLF) en ligne lorsqu'elle reste plus de 48 heures en Belgique ou lorsqu'elle a passé plus de 48 heures au Luxembourg, quel que soit le motif du voyage.

Le gouvernement belge est en train de peaufiner les modalités exactes des restrictions qui s'appliqueront à partir du vendredi, 25 septembre 2020 à 16 heures.