4 Joer Prisong, d'Halschent dovu mat Sursis, goufe fir dee Geheimdéngschtmann gefrot, dee sech am "Prozess vun de SREL-Autoen" ze veräntweren hat.

Dobäi sollt eng Geldstrof vu 25.000 Euro kommen an d'Verbuet vu 4 Joer, fir an der Fonction publique ze schaffen. D'Haaptfaiten, déi dem Ex-Agent reprochéiert goufen, sinn op den Zäitraum vun 2007 bis 2009 zréckgaangen.

An der Haaptsaach gouf dem Mann virgehäit, ronn 140.000 Euro ënnerschloen ze hunn aus dem Verkaf vu 4 Luxusautoen, déi dem SREL gehéiert haten.

Woubäi de Vertrieder vum Parquet um Enn just nach eppes méi wéi 105.000 Euro als verontreiten Zomm zréckbehalen huet. De Mann hätt awer am Prozess kee Bereien a keng Asiicht gewisen an och soss vu sengem Recht Gebrauch gemaach, fir ze léien. Hien hätt nämlech ganz ënnerschiddlech Aussoe gemaach, wat d'Autoen ugeet. Dem Parquetier no wären d'Verontreiung, d'Prise illégale d'intérêts an d'Ausstelle vun engem falsche Certificat zréckzebehalen. Op Grond vun den „ganz grave Faiten" hätt de Mann keng Circonstance atténuante zegutt, och wann d'Faite schonn eng Zäit zréckleien.

Dikrecher Geriicht / Rep. Eric Ewald

Iwwerdeems de Me Albert Rodesch als Affekot vum Staat 26.500 Euro Schuedenersatz an de symboleschen Euro gefrot hat, huet de Me Jean Lutgen, Affekot vum Ugekloten, betount, säi Client hätt bestëmmt Feeler gemaach, mä hie wär strofrechtlech net responsabel. D'Faite léinge laang zréck, säi Mandant géif den 1. Januar elo an d'Pensioun goen, de Mann hätt d'Vertraue vum Staat gehat a viru Jore souguer Promotioune kritt. Hien hätt de System vum Autoverkaf och net erfonnt; villméi géif och eng Responsabilitéit beim SREL leien a bei deem sengem deemolegen Direkter Marco Mille, dee vum System gewosst a selwer 3 Autoe kaf hätt. De Client hätt näischt verstoppt, an et géif een nëmme vu 4 Faiten an Zäit vun zwee Joer schwätzen. Dem Me Jean Lutgen no sollt säi Client dowéinst fräigesprach ginn.

Deen huet um Enn vun der Sëtzung, liicht geschockt vum Réquisitoire vum Vertrieder vum Parquet, gemengt, hien hätt net mat Absicht gehandelt an och kengem wëlle schueden.

De 26. November gëtt d'Urteel gesprach.