D'Urgence ass zwar grouss, mä den Text soll d'Strooss halen. Et war en apaarte Moment am Cercle. Well d'Covid-Gesetzer nach net fäerdeg waren, respektiv de Rapport nach net do war, huet d'Oppositioun geschlosse gefrot, fir de Vott ze verréckelen, wat um Enn dunn och gemaach gouf, woubäi d'Majoritéit am Ufank net mat enger Stëmm geschwat huet.
Ausgangsspär, méi restriktiv sozial Kontakter, eng erweidert Maskeflicht: Um Mëttwoch sollt den neie Covid-Gesetzesprojet an der Chamber gestëmmt ginn. E Vott, deen awer verréckelt gouf, well dat Ganzt de Parlamentarier ze vill iwwer de Knéi gebrach wier.
De Problem war, datt de Gesetztext am Ufank vun der Plenarsëtzung nach net fäerdeg war:
De Fernand Kartheiser vun der ADR: Iergendwou muss d'Parlament awer nach säi Rôle kënnen erfëllen an net zu enger Ratifizéierungsmaschinn degradéiert ginn, fir eng Regierungspolitik duerchzepeitschen, wou et keen Ënnerscheed mécht, ob et ëm Hallefnuecht a Kraaft trëtt oder um Donneschdeg ëm Hallefnuecht a Kraaft trëtt.
D'Martine Hansen vun der CSV: Fir eis ass et wichteg, datt d'Mesurë sou séier et geet a Kraaft trieden. Ma sou ee wichtegt Gesetz misst een awer kënnen am Detail kucken, fir sécher ze stellen, datt keng Feeler dra sinn.
De Marc Baum vun Déi Lénk: Haut solle mer e Gesetz mat Mesurë stëmmen, déi mer zënter dem Zweete Weltkrich net méi haten. Mir mussen awer eng serein Debatt kënne féieren.
De Sven Clementvun de Piraten: Den Text soll sou gutt ginn ewéi nëmme méiglech. De Problem ass awer, datt deen Text - Stand lo grad - net fäerdeg ass.
D'Oppositioun huet also kollektiv gefrot, fir de Vott op en Donneschdeg ze verleeën.
D'Fraktioune vun der LSAP an Déi Gréng waren d'accord. Ma den drëtte Koalitiounspartner, d'DP, huet dat awer ugangs anescht gesinn.
De Fraktiounschef Gilles Baum: Mir sinn an enger ganz seriöer Situatioun. Ech géif proposéieren, datt mer de Projet aus dem Travail an Educatioun sollten duerchgoen. Dono solle mer d'Sëtzung ënnerbriechen a kucken, ob de Rapport do ass an dee Projet dann och stëmmen.
Dozou sollt et net kommen, d'DP huet noginn a war um Enn averstanen, fir de Projet 7683 vum Ordre du jour erofzehuelen. Um Donneschdeg soll also votéiert ginn, do virdru kënnt déi parlamentaresch Santéskommissioun nach emol beieneen.
De Staatsrot huet iwwregens ganz séier en Avis geschriwwen an huet sech eegenen Aussoen no aus Zäit-Grënn op dat Wesentlecht misse beruffen.
Nawell gouf et am Avis Kritik um Text, virun allem, wat d'Prezisioun ugeet.
De Rapporter vum Covid-Text Mars di Bartolomeo: Him war d'Referenz fir d'Maximalzuel vu Clienten a Grandes-Surfacen net adaptéiert, do huet en eng aner Proposition sous peine d'Opposition formelle gemaach. Nom Vott an der Plenière muss de Conseil d'Etat nach d'Dispens fir den zweete Vott ginn. Dono gëtt den Text am Mémorial publizéiert.
De Mars di Bartolomeo sot eis op Nofro hin, datt d'Gesetz wuel wäert e Freideg a Kraaft trieden.
L’article sous examen prévoit que la loi entre en vigueur le jour de sa publication. Il suit la logique de la loi précitée du 17 juillet 2020 qui se trouve modifiée. Le Conseil d’État attire toutefois l’attention des auteurs sur le problème de l’application des mécanismes répressifs renforcés à des faits survenus le jour même de la publication de la loi. Il ne peut en effet y avoir application rétroactive des nouvelles sanctions. En outre, les citoyens risquent de ne pas avoir la possibilité de s’adapter aux nouvelles règles. Si la publication de la loi intervient dans la soirée, le couvre-feu que la loi en projet propose d’introduire pourrait même surprendre des citoyens au cours d’activités qu’ils auront entamées avant la publication. Le Conseil d’État insiste donc à ce que l’entrée en vigueur de la loi en projet soit reportée au lendemain de la publication et il peut se déclarer d’ores et déjà d’accord avec une modification en ce sens de la disposition sous avis.
