
D’Regierung sollt e Mëttwoch beienee kommen, fir de Point ze maachen iwwert d’Entwécklung vum Covid. Ob nei Mesuren decidéiert ginn a wa jo, wéi eng, ass de Moment nach net gewosst. Wa Mesuren decidéiert ginn, hofft de Premier, datt d’Chamber déi nach e Samschdeg kéint stëmmen, hat hie jo selwer de Weekend um 100,7 gesot. Wann dat net geet, da misst een iwwert den Etat de Crise diskutéieren, esou de Xavier Bettel.
RTL-Informatiounen no ass fir e Mëttwoch kee Ministerrot aberuff ginn.
Fir d'Fraktiounscheffin vun der gréisster Oppositiounspartei der CSV, d'Martine Hansen, kënnt en "Etat de crise'' awer net a Fro.
''Déi Fro stellt sech iwwerhaapt net. Mir sinn als Chamber funktiounsfäeg. Virun allem huet de Premier jo schonn déi lescht Woch an der Chamber decidéiert, dass dës Woch eppes kënnt. Da ginn ech dovunner aus, dass se preparéiert sinn, an dass se der Chamber och schonn en Text hätte kënne virleeën. Ech hu gesot, dass een d'Corona-Well aktuell e bësse vergläiche ka mat engem Tsunami mat Virwarnung. An et ass awer näischt geschitt. Mir hate jo scho méi laang gefrot, dass esou eng Aart Stufeplang soll kommen. Dass ee soll an Ofhängegkeet vu der Unzuel un Infizéierten, vun de beluechtene Better an de Spideeler, kucken, wéi eng Mesuren ee soll huelen.''
Dat sot d'Martine Hansen um Dënschdeg de Mëtten am RTL-Interview.
D'Oppositiounspolitikerin ass net frou driwwer, dass de Pak iwwer 13 Mesuren, deen d'CSV fir d'Schoule proposéiert hat, an der Chamber refuséiert gouf.
Stand haut ass d'Martine Hansen géint e komplette Lockdown. Den Effekt vun de Mesuren déi d'lescht Woch decidéiert goufen, misst een elo evaluéieren. Et wär wichteg, dass d'Regierung dofir suergt, dass d'Populatioun sech un dës Reegelen hält.
D'CSV-Fraktiounscheffin wär guer net doriwwer informéiert, wéi eng Mesuren am Ministerrot kéinten diskutéiert ginn.
Fir déi Lénk wier an dësem Fall ee Forcing iwwert den "Etat de crise" eng Bankrotterklärung vun der Regierung. Et wier quasi eng Erpressung vum Parlament. Dat schreiwe si an engem Pressecommuniqué um Dënschdeg de Moien.
Dës Fro stellt sech d'CSV an engem Schreiwes en Dënschdeg de Mëtteg. De Premier wéilt d'Parlament an de Staatsrot "monddout" maachen a Schrëtt fir Schrëtt déi demokratesch Institutiounen entmuechten. An deem Kader erënnert d'CSV drun, op wéi eng "brachial" Aart a Weis d'Maison du Grand-Duc geschaaft an och wéi d'Kierch entmëndegt gouf.
Zanter dem Ufank vun der Covid-Kris gouf de Lockdown mat Hëllef vum Parlament an dem Staatsrot gesetzlech ofgeséchert. D'Oppositioun hätt eng konstruktiv Roll gespillt.
Dass déi zweet Well fir d'Regierung zouzesoen eng Iwwerraschung wier, do géif der Oppositioun de Kolli platzen iwwer esou vill Verantwortungslosegkeet. Am Summer wier Zäit gewiescht, sech ze preparéieren. Geschitt wier "Null". "Nada".
A well de Premier sech vun der Oppositioun an den Eck gedrängt géif fillen, géif hie mat Hëllef vun engem juristeschen Trick e Règlement grand-ducal ausschaffen, fir Decisiounen ouni d'Parlament an de Staatsrot ze treffen. Dat misst de Grand-Duc just ënnerschreiwen an d'Institutioun wier entmëndegt.
