100. Anniversaire vun der ALJPGeschichten a markant Momenter aus dem Lëtzebuerger Journalismus

Vidosava Kuzmic
D'Lëtzebuerger Journalistenassociatioun huet am Kader vun hirem Anniversaire ënnert anerem eng grouss Expo op d'Been gestallt.
100. Anniversaire vun der ALJP
D'Lëtzebuerger Journalistenassociatioun huet am Kader vun hirem Anniversaire eng grouss Expo op d'Been gestallt.

Den 100. Anniversaire vun der Journalistenassociatioun ALJP huet e leschte Samschdeg all déi zesumme bruecht, déi sech an der Reegel just op Pressekonferenze gesinn.

D'Journalistinnen a Journalisten informéieren d'Leit am Alldag, stinn selwer awer seelen am Mëttelpunkt. Mir hunn dës Geleeënheet genotzt, fir d'Rollen ze tauschen an hu bei deenen nogefrot, déi soss d'Froe stellen. Wat fir Mënschen hannert de Geschichte stiechen, wéi eng Momenter si gepräägt hunn, a wat fir si ee gudde Journalist ausmécht, deem si mir nogaangen. 

D'ALJP huet am Kader vun hirem Fest eng Expo op d'Been gestallt, mat de beschte Presse-Fotoen, Audio-Extraiten a Video-Material aus de leschten 100 Joer Journalismus hei am Land. De Bäitrag vun RTL war ënnert anerem dëse Clip: eng Retrospektiv iwwer d'Aarbecht vun RTL aus de leschte Joerzéngten. 

Eng Retrospektiv iwwer d'Aarbecht vun RTL aus de leschte Joerzéngten
De Bäitrag vun RTL war ënnert anerem dëse Clip.

Back to Top
CIM LOGO