
Ugefaange géint 11:30 Auer, wéi sech zu Nidderkuer an der Route de Bascharage zwee Autoen ze pake kruten. Zwou Persoune goufen hei blesséiert.
Ronn eng Véierelstonn méi spéit gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi en Auto um CR176 tëscht Rodange an der Ferme rouge accidentéiert ass.
En Accident tëscht zwee Autoe mat am Ganze fënnef Blesséierter gouf et dann um 13:23 Auer um CR137 tëscht Manternach a Berbuerg.
Eng weider Kollisioun tëscht zwee Autoe gouf et um 14:16 Auer an der Rue de Luxembourg um Briddel. Hei gouf eng Persoun blesséiert.
E weidere Blesséierte gouf et schliisslech um 15:20 Auer bei engem weideren Accident tëscht zwee Autoen um Echangeur Hamm op der A1 an Direktioun Stad.