En Vue vun der TripartiteSpontan Protestmaniff virum Aarbechtsministère, Marc Spautz war iwwerrascht

RTL Lëtzebuerg
Ronn 100 Leit vun LCGB an OGBL hate sech um Rousegäertche beienee fonnt, fir ze jäizen an ze päifen.

En Vue vun der Tripartite ass um Dënschdeg de Moien eng Manifestatioun vun der Gewerkschaftsunioun virum Aarbechtsministère. Ronn 100 Leit vun LCGB an OGBL hate sech um Rousegäertche beienee fonnt, fir ze jäizen an ze päifen. De Protestpiquet markéiert den Optakt vun de gewerkschaftlechen Aktiounen, déi den 1. Mee annoncéiert gi waren. 

De Christophe Hochard - Live vun der Maniff vun der Gewerkschaftsunioun

Eng Haaptfuerderung vun der Gewerkschaftsfront bleift jo déi strukturell Erhéijung vum Mindestloun. D'Aktioun war eréischt e Méindeg decidéiert ginn. 
Et wier ee ganz iwwerrascht, wéi vill Leit spontan matgemaach hunn, sou d'OGBL-Presidentin Nora Back.  Et kéimen nach vill Iwwerraschungen. Den 12. Mee sollt een sech mol notéieren.
Et géing engem näischt anescht iwwreg bleiwen, sou de Patrick Dury, et wier een dohinner gedréckt ginn, et wier einfach ze wäit gaangen, sou den LCGB-President Patrick Dury am RTL-Interview.

© Domingos Oliveira / RTL

Kuerz no 8 Auer ass dann och den Aarbechtsminister Marc Spautz eraus bei d'Manifestante komm, fir mat hinnen ze schwätzen. Am Interview mat RTL huet en duerno zouginn, dass en e bëssen iwwerrascht war, dass se schonn haut déi Manifestatioun hätten. Wier en éischter informéiert gewiescht, wier en och éischter bei d'Leit komm, fir mat hinnen ze schwätzen.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO