Tëscht Januar an Oktober2020 méi Doudesaffer zu Lëtzebuerg wéi am viregte Joer

RTL Lëtzebuerg
Bannent den éischten 10 Méint vum Joer 2020 goufen et am Ganzen 3.601 Doudesfäll zu Lëtzebuerg, seet de Statec.
© RTL-Grafik

Et verwonnert net, mee duerch d'Corona-Pandemie ginn nees méi Stierffäll am Land gezielt, wéi d'Jore virdrun. Eleng dëst Joer huet de Statec bis Enn Oktober 3.600 Persoune gezielt, déi verscheet sinn - u sech war d'Tendenz vu Stierffäll déi lescht Jore réckleefeg: dat ass also net méi wouer. Am Verglach si bannent den éischten 10 Méint dëst Joer par Rapport zu 2019 eng 100 Leit méi gestuerwen.

Zanter datt d'Pandemie Mëtt Mäerz opgetrueden ass, goufen et ronn 180 Doudesfäll méi, wéi an der Moyenne déi 2 Jore virdrun. Wann een d'Stierffäll vu Persounen a Relatioune mam Covid erausrechent, ass d'Tendenz vun der Mortalitéit am Land awer réckleefeg. Eng Tendenz, déi och ewell déi lescht Joren ze observéiere war. Bedéngt ass dëst, dem Statec no, duerch mëll Wanteren, déi keng schro Grippe-Welle mat sech bruecht hunn.

Well jo och d'Populatioun am Land eropgeet, ass d'Analys besser ze maachen, wann ee vum Mortalitéitstaux schwätzt, also der Zuel vun den Doudegen am Rapport zur Moyenne vun der Populatioun. Deen Taux läit déi éischt 10 Méint vun dësem Joer bei 5,7%, wat quasi identesch ass mat der selwechter Period déi läscht 2 Joren.

Zanter dem éischte Covid-Doudege läit d'Moyenne vun de Stierffäll am Land bei ronn 12 Persounen den Dag. 2018 an 2019 waren dat an der Moyenne 11 Leit den Dag.

Tëscht Januar an Oktober gouf et dem Statec no wärend 6 Wochen eng iwwerduerchschnëttlech Mortalitéit. Dës Surmortalité gouf et absënns an der Woch virun Ouschteren, mee och zum Beispill d'Rentrées-Woch am September. Am Verglach mat aneren europäesche Länner ass d'Surmortalité also limitéiert.

Fir de Mount November rechent de Statec awer och mat enger Covid-bedéngter Iwwerstierflechkeet, well iwwer d'Hallschent vun allen 339 Covid-Affer am November verscheet sinn.

Weider Detailer a Grafike fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO