Wunngemeinschafte musse Hygiènes- a Sécherheetsmesuren entspriechen
Dat op alle Fall seet den Escher Buergermeeschter Georges Mischo, dee jo a puncto Wunngemeinschaften rezent vill an de Medien war.
Hie wär e bebranntent Kand a Saache Co-Locatioun a seng Stad net dogéint, ma da missten d'Lokalitéiten den Hygiènes- a Sécherheetsmesuren entspriechen. Dat sot den Escher Buergermeeschter Georges Mischo an der Mëttesstonn an enger Comitéssëtzung vum Syvicol an der Stater Märei.
Dobäi huet de Syndikat vun de Stied a Gemenge säin Avis zum Gesetzprojet 7642 iwwert de Bail à usage d'habitation presentéiert.
Bei enger Wunngemeinschaft hätt net jiddereen um Radar, dass am Viraus eng Demande un de Buergermeeschter ze stelle wär, sot den Escher Gemengepapp am Verlaf vun der Diskussioun.
D'Police des bâtisses geet net op d'Plaz kucken, weess net, ob et méiglech ass oder ob et net méiglech ass. Dann, déi Krittäre vu Sécuritéit Salubritéit, déi sinn da vläicht net agehalen an dann, op eemol, kënnt das böse Erwachen. An da steet op eemol d'Police des bâtisses, et ass net méiglech, an da bekloen d'Leit sech natierlech, dass keng Co-Locatioun méiglech wär. Mä virdrun, et ass genau, wéi bei enger Autorisation de construrie: Verschiddener baue Balconen an dann op eemol gëtt gesot, oh jo, dat wosst ech awer net!
Fir de Georges Mischo ass dat donieft extrem wichteg, dass de Bail commun am Gesetz steet. Hien huet dozou e Beispill ginn:
Zu Esch ass eng Maison unifamiliale, wou mer soi-disant Co-Locatiounen haten. Dat ware 15 Leit à 800 Euro, dat heescht 12.000 Euro Loyer. Da ginn net nëmmen d'Täsche voll vun deem, deen d'Haus huet, mä wann een eng Kéier d'Haus verkeeft, da gëtt natierlech gesot, ok, ma jo, tipptopp: Wann s de 12.000 Euro Loyer kanns eranhuelen, dann ass mäin Haus elo net méi 900.000 Euro wäert, mä dann ass et 1,4 Milliounen Euro wäert.
Woumat dann och indirekt d'Präisser an d'Luucht géife goen. D'Wunngemeinschaften, sou den Escher Buergermeeschter, wäerten an Appartementer méiglech sinn, wann zwee Fluchtweeër garantéiert sinn. Si wär och eng Liewensaart, déi ëmmer méi opkomme géif. De Misär wär just, wann eppes geschitt.
Mir hate virun annerhallwem Joer zu Esch e Groussbrand an der Liberatiounssstrooss. Do si Leit erauskomm an erauskomm an erauskomm. An ech hu geduecht, wou souzen déi alleguer? Wann et do eng Kéier richteg brennt an et komme Leit net méi eraus, da kënne mer just nach d'Läichen zielen.
Ebe well op verschiddene Plazen net alles agehale gëtt. Et misst een de Proprietäre vill méi op d'Féiss trëppelen,wann déi sech iwwert dat ewechsetzen, wat e Buergermeeschter seet a schreift, betount de Georges Mischo. Fir deen een och, wa Wunngemeinschaften zougelooss ginn, wësse misst, wat dat fir d'Infrastrukture bedeit, nämlech Adaptatiounen.