Dräi provisoresch Fuerverbueter an ee Fürerschäin agezunn
Um Sonndeg goufen uechter d'Land eng Partie provisoresch Fuerverbueter ausgeschwat, an ee Fürerschäi gouf agezunn, dat wéinst Alkoholkonsum.
E Sonndeg den Owend krut d'Police en Auto gemellt, deen am Zickzack duerch Schieren géif fueren. Eng Policepatrull konnt de Chauffer stoppen an den Alkoholtest war positiv. E provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.
Änlech war d'Situatioun e Sonndeg den Owend an der Rue Ermesinde zu Iechternach. Och hei hat de Chauffer ze vill gedronk an e provisorescht Fuerverbuet war d'Konsequenz.
Zu Stroossen gouf en Automobilist gemellt, dee mat sengem Gefier iwwert eng Verkéiersinsel gefuer wier, woubäi e Verkéiersschëld beschiedegt gouf. Eng Policepatrull konnt de Chauffer untreffen an den Alkoholtest war positiv. Och hei gouf e provisorescht Fuerverbuet zougestallt.
E Sonndeg kuerz virun Hallefnuecht hat et tëscht Dippech a Bartreng gerabbelt. Éischten Informatiounen no ass d'Gefier op d'Géigespuer geroden an dunn an e Bam gerannt. De Chauffer gouf liicht verwonnt. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf op der Plaz agezunn.