Esch-Uelzecht
Alkoholiséierte Mann mat gliesener Fläsch a Kläpperei verwéckelt
E Sonndeg den Owend gouf der Police géint 20.30 Auer eng Kläpperei tëscht zwee Männer an der Rue d'Audun zu Esch-Uelzecht gemellt.
Eng vu béide Persounen, déi däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen huet, hat dobäi eng gliese Fläsch am Grapp an huet fir sech selwer an och d'Persoune ronderëm eng Gefor duergestallt. Wéi d'Beamten op der Plaz waren, huet si sech net kooperativ gewisen a gouf doropshi fir eng medezinesch Ënnersichung an de Passagearrest bruecht. Géint de Mann gouf Protokoll erstallt.
Am meeschte gelies