E Méindeg de Mëtteg huet de Regierungsrot sech fir de komplette Lockdown decidéiert. Fir d'Zuele vun den Neiinfektioune besser an de Grëff ze kréien, bleiwen d'Geschäfter, Déngschtleeschter ewéi Coiffeuren, d'Schoulen an d'Crèchen no de Chrëschtdeeg zou.
De Stater Geschäftsverband weist an enger éischter Reaktioun net onbedéngt Versteesdemech fir déi nei Reegelen. De Lockdown géif wéidoen. Vill Prezisiounen, ewéi et soll weidergoen, géife feelen.
De Guill Kaempff, President vum Stater Geschäftsverband: „Ech weess net, ob de Lockdown an de Geschäfter elo néideg war. Dat gesi mer am Januar, wa mer déi reell Zuele gesinn. Wat awer verwonnerlech ass, ass datt d'Zuele jo relativ niddreg sinn. Den Ament leie mer ënner 500 Neiinfektiounen den Dag an dat ass jo dat, wat d'Regierung ugangs gefuerdert hat, fir den Horesca-Secteur net zouzemaachen. Elo gëtt awer weider zougemaach."
Hei hofft een elo virun allem op eng Egalitéit tëscht de klenge Commercen an de Commercen, déi an de Grandes-surfacë vertruede sinn. Wärend dem éischte Lockdown wieren och hei grouss ekonomesch Inegalitéiten entstanen, well d'Grandes-surfacë weider hu Saachen, déi net als essentiell zielen, verkafen dierfen. Zousätzlech Aidë gi gebrauch, soss géifen eng Rëtsch Betriber net iwwerliewen, esou de President vum Stater Geschäftsverband.
D'Fédération des Artisans hat déi lescht Woche virun allem op de Bon sens vun de Leit gehofft, dat hätt leider net geklappt.
E Lockdown hätt mat strenge Mesuren an de Geschäfter missen remplacéiert ginn, sou de Romain Schmit, Generalsekretär bei der Federatioun.
Versteesdemech kënnt vum SEW, dem Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL. Ma d'Léierpersonal géif hoffen, datt et just bei der enger Woch Homeschooling bleift. Ze vill Retard wieren hei wärend dem éischte Lockdown am Mäerz entstanen, e Retard, dee bis haut nach net opgeholl konnt ginn. Decisioun e Méindeg vun der Regierung wier awer déi richteg gewiescht, esou de Patrick Arendt, President vun der Gewerkschaft.
„Wann d'Schoulen an alles ronderëm zou bleiwen, ass dat eng ganz sënnvoll Decisioun. Mir hunn awer an de leschte Wochen an de Schoule gesinn, datt et immens vill Infizéierter goufen, datt d'Kanner de Virus immens weider ginn hunn. De Narrativ, deen am Ufank publizéiert gouf, datt ee sech a Schoulen net ustieche kann, entsprécht net méi der Realitéit. Ech mengen, datt et scho wichteg ass, datt d'Schoul an dee Lockdown mat erageet."
Et géif een hoffen, datt déi Mesuren déi d'lescht Schouljoer vum Educatiounsministère ugekënnegt waren, fir d'Retarden opzeschaffen, no der Phas am Januar preziséiert ginn, fir weider Drock vu de Schëllere vun de Kanner ze huelen, esou nach den SEW.
„Endlech!" ass déi politesch Reaktioun vun der CSV.
Martine Hansen:„Mir hunn déi Restriktioune jo scho méi laang gefrot. D'Ministesch sot ëmmer, se wieren an der leschter Line droite vun engem Marathon, ma genau hei gëtt een an engem Marathon Gas an et träntelt een net. Wat mer net verstinn, ass, firwat mer net schonn e Samschdeg gesot kritt hunn, wat geplangt wär. Ech ginn dovun aus, datt den Text och schonn e Samschdeg fäerdeg war."
Et géif awer eng kloer Aussoe feelen, no ewéi enge Kritären nom 10. Januar weider Mesuren decidéiert ginn. Et géif un Transparenz a klore Perspektiven, fir d'Leit motivéiert ze halen, feelen.