D’Tendenz géing an déi richteg Richtung goen, ma d’Zuele wieren awer nach ze héich. Fir d’Verbreedung vum Coronavirus anzedämmen, sollen dowéinst nei Mesuren a Kraaft trieden. Fir een effikassen Tracing missten d’Zuele sech nach emol hallwéieren. Dat sot de Premier Xavier Bettel e Méindeg de Mëtteg op enger gemeinsamer Pressekonferenz mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
Vum 26. Dezember u geet Lëtzebuerg an een neie Lockdown. Dat bis den 10. Januar.