Covid-Mesuren ugeholl"Op Nummer sécher goen"

RTL Lëtzebuerg
Gréng Luucht fir déi nei Covid-Restriktioune vum 26. Dezember bis den 10. Januar. 52 hunn dofir, 8 dogéint gestëmmt.
Covid-Mesuren ugeholl
Gréng Luucht fir déi nei Covid-Restriktioune vum 26. Dezember bis den 10. Januar. 52 hunn dofir, 8 dogéint gestëmmt.

D’Chamber huet déi nei Mesuren en Donneschdeg de Mëtteg mat de Stëmme vun de Regierungsparteie guttgeheescht. Trotz Kritik huet d’CSV d’Mesuren awer och matgedroen. Ëmmerhin huet déi gréisst Oppositiounspartei schonn zanter Woche méi streng Mesurë gefuerdert.

ADR, Piraten an déi Lénk hunn dogéint gestëmmt. Fir d’ADR géingen d’Fräiheeten ze vill ageschränkt ginn, amplaz sech op de Schutz vun de vulnerabele Leit ze konzentréieren. D’Piraten an déi Lénk hu genee wéi d‘CSV bedauert, datt net gehandelt gouf wéi et néideg war. Fir béid Parteie géing elo iwwert d’Zil eraus geschoss ginn. Et géing u wëssenschaftlecher Evidenz feelen, fir d’Mesuren ze rechtfäerdegen.

Déi nei Covid-Restriktiounen trieden also op Stiefesdag, de 26. Dezember a Kraaft.

Fir de Rappell, hei d'Haaptmesuren:

  • net-essentiell Geschäfter, respektiv Rayonen ginn zou.
  • d’Ausgangsspär gëtt vun 23 op 21 Auer no vir geréckelt.
  • Alkohol gëtt op der Voie publique verbueden
  • All rekreativ oder sportlech Aktivitéit gëtt op 2 Persoune limitéiert, ausser et ass ee Stot.

Dës Weideren däerf ee weiderhi maximal 2 Persounen doheem ëmfänken an d’Restauranten a Caféë bleiwe bis de 15. Januar mat zou, de Liwwerservice bleift autoriséiert. Kultur a Sport gi bis op e puer Ausname ganz op Äis geluecht.

Donieft huet d'Regierung decidéiert, datt d'Crèchen a Maisons Relaise vun e Méindeg un zou bleiwe mussen. No der Vakanz ass eng Woch Homeschooling an all parascolaire, grad wéi sportlech Aktivitéite ginn ofgesot.

Déi nei Versioun vum Covid-Gesetz gesäit dann och méi héich Geldstrofe fir Verstéiss géint Restriktioun vir: D’Amendë gi vun 100 bis 500 Euro erop op 500 bis 1.000 Euro. Bei den Avertissements taxés geet de Montant vun 145 erop op 300 Euro.

Weider Dispositioune gesi beispillsweis och vir, datt d’Donnéeë vun Antikierper-Tester a vu Persounen, déi geimpft ginn, bis zu 20 Joer laang gespäichert ginn. Wéi et heescht fir ee Suivi vun eventuelle laangfristegen Niewewierkungen ze maachen. D’Regierung huet wéi et heescht awer den Deputéierte verséchert, datt een den Delai am nächste Gesetz adaptéiert.

Ofgesi vum ëmstriddenen Denunziatiounsartikel, deen d’Chamber-Santéskommissioun aus dem Gesetz gestrach huet, huet d’Chamber d’Mesurë guttgeheescht, esou wéi d’Regierung se op den Dësch geluecht huet.

Kritik vun der Oppositioun gouf et haaptsächlech, well d’Ausgangsspär op 21 Auer no vir verréckelt gëtt, mee och wéinst Inkoherenze bei eenzele Mesuren, wéi zum Beispill d’Limitéierung vu Leit bei Spadséiergäng.

De Premier Xavier Bettel huet verséchert d’Ausgangsspär wier effikass. Den Timing fir déi nei Mesuren, dee wier gerechtfäerdegt: hie wier frou, datt d’Leit bis elo e bëssen en normaalt Liewe konnte féieren. Déi aktuell Zuele géinge weisen, datt d’Mesuren an d’Efforte bis elo richteg waren, sou iwwerdeems d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Hiren Haaptmessage nom Debat war: „Mir wëllen op Nummer sécher goen“.

Ëm de 4., 5. Januar soll d’Situatioun reevaluéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO