Eng ëmstridden Dispositioun aus den neie Covid-Reegele gëtt zeréckgezunn.

Déi, di de Beamten, Agenten a Salariéen beim Staat Verstéiss géint Isolatiouns- oder Quaratänsreegelen dem Parquet solle mellen.

D’Chamber-Santéskommissioun ass sech doriwwer eens ginn.

Covid Chamber/Reportage François Aulner

D’CSV an d’Staatsbeamtegewerkschaft hate sech gefrot, wat déi Dispositioun soll, iwwerdeems d’Eisebunnergewerkschaft Syprolux souguer Parallellen mat der Naziokkupatioun gezunn huet. De Staatsrot huet a sengem Avis op méiglech juristesch Inkoherenzen opmierksam gemaach.

Déi héich Kierperschaft hat iwweregens an hirem Avis keng Oppositions formelles ausgedréckt, mee dat wéinst der Urgence, an där se hätt missen deliberéieren. Allerdéngs werft se eng Rei Froen op, ënnert anerem och iwwert Sënn an Zweck dovunner, datt d’Ausgangsspär op 21 Auer Owes no vir geréckelt gëtt, well jo schonn eng Rei nei Restriktiounen elo virgesi sinn.

De Staatsrot bemängelt och Koherenz bei der Reegel, datt just 2 Persounen kënne spadséiere goen, iwwerdeems 4 Leit sech baussen däerfe versammelen. Genee ewéi schonn an der Santéskommissioun um Dënschdeg diskutéiert gouf, freet de Staatsrot sech och, firwat Donnéeë vu Leit, déi geimpft ginn, sollen 20 Joer kënne conservéiert ginn, wou et am Droit commun, normalerweis also, 10 Joer sinn.

Ofgesinn vum ëmstriddenen Artikel iwwert d’Denunziatioun wäert d’Majoritéit, d’Regierungsparteien, déi nei Restriktiounen um Donneschdeg guttheeschen, déi d’Regierung fir de 26. Dezember bis den 10. Januar proposéiert huet.