Net representativ Ëmfro55% vun de Residentë géife sech géint de Coronavirus impfe loossen

Claude Zeimetz
Dës Ëmfro gouf vu Science.lu gemaach, dat iwwert hire Site an hir Facebooksäit. Doduerch ass se och net representativ.

Zanter e Méindeg ginn also déi éischt Persounen, déi éischt Mataarbechter aus dem Santés- a Fleegeberäich, zu Lëtzebuerg géint de Coronavirus geimpft. A wann d'Diskussioun den Ament haaptsächlech drëms dréit, datt mer bis ewell nëmme wéineg Impfdosisse kruten, bleift déi méi laangfristeg Fro, wéi vill Leit hei am Land iwwerhaapt bereet sinn, fir sech impfen ze loossen, fir och eng anstänneg Couverture an Immunitéit an der Populatioun z'erreechen. Eng representativ Ëmfro gëtt bis ewell heizou nach net, ma e Sondage, deen d'Wëssenschaftler vu Science.lu selwer gemaach hunn, liwwert awer interessant Informatiounen.

Impfsondage / Reportage Claude Zeimetz

Den Internetsite Science.lu, dee vum Fonds national de la recherche an Zesummenaarbecht mat Wëssenschaftler a Fuerscher bedriwwe gëtt, huet tëscht dem 30. November an dem 5. Dezember via hire Site an hir Facebooksäit interesséiert Leit ugeschwat, fir bei dëser éischter Ëmfro iwwert d'Impfbereetschaft bei de Lëtzebuerger Residentë matzemaachen. Realiséiert gouf de Sondage mat Hëllef vun den Epidemiologe Joel Mossong vun der Direktioun vun der Santé an Ardashel Latsuzbaia aus dem Staatslabo an dem Chefredakter vu Science.lu Jean-Paul Bertemes. Representativ ass d'Ëmfro allerdéngs net, dat muss ee scho betounen.

Si gëtt awer en ongeféiert Bild vun der Haltung hei am Land. 2.553 Persounen hu matgemaach, 74% dovunner Lëtzebuerger, 54,6% Fraen, 45,2% Männer. Déi ganz jonk an déi ganz al Altersgruppe sinn den Auteuren no ënnerrepresentéiert. Wat huet de Sondage elo rausfonnt? Ma virun allem, datt et den Ament nach net déi grouss Begeeschterung fir de Vaccin gëtt. Op d'mannst mol net bei deenen, déi hei op d'Froe geäntwert hunn.

Nëmmen eng knapp Majoritéit vu 55% huet am Sondage vu Science.lu uginn, datt si sech wuel géint de Covid-19 impfe loossen. 13% waren nach ondecidéiert. 32% halen eng Impfung bei sech als ganz oder éischter onwarscheinlech. Dat ass wéineg, däitlech ze wéineg, wann ee weess, datt d'Wëssenschaft dovunner ausgeet, datt 60-70% misste geimpft ginn, fir d'Pandemie an de Greff ze kréien. Domadder géif Lëtzebuerg am internationale Verglach zu deene Länner gehéieren, an deenen d'Skepsis géintiwwer der Covid-Impfung mat am héchste wier. Vergläichbar niddreg ass d'Bereetschaft bei eise franséischen Noperen.

D'Impfbereetschaft zu Lëtzebuerg wier méi héich bei méi eelere Leit, wéi bei de Jonken, déi och manner riskéieren, Komplikatiounen duerch d'Krankheet ze kréien. Et sinn éischter déi, déi sech allgemeng gutt informéiert fillen iwwert d'Impfen an de Corona-Vaccin, déi sech géifen impfe loossen, grad wéi bei deene Leit, déi dem Thema Impfen allgemeng positiv gesënnt sinn. D'Skepsis géintiwwer dem neie Covid-Vaccin schéngt awer méi grouss, wéi bei aneren Impfungen.

Bei den Nationalitéiten hunn déi däitsch Residenten d'Nues fir. Bei de portugiseschen a belsche Residenten ass d'Impfbereetschaft Science.lu no am Niddregsten. Lëtzebuerger a Fransouse leien dësem Sondage no am Mëttelfeld. D'Leit, déi bei der Ëmfro matgemaach hunn, sote sech allgemeng gutt informéiert iwwert d'Thema Impfen, manner gutt schonn awer beim Covid a si hunn uginn, datt bis ewell net onbedéngt korrekt an transparent iwwert d'Risiken an Niewewierkunge vum Corona-Impfstoff kommunizéiert gouf.

Science.lu geet dovunner aus, datt sech d'Impfbereetschaft bei de Leit iwwert d'Zäit nach ännere wäert. An déi eng oder déi aner Richtung. Wouhinner et geet, géif ënnert anerem dovunner ofhänken, wéi effikass de Vaccin ass, wéi vill Nieweneffekter en huet a wéi ronderëm kommunizéiert gëtt.

LINK: D'Publikatioun vun der Ëmfro op Science.lu

Back to Top
CIM LOGO