A Groussbritannien zirkuléiert jo eng mutéiert Versioun vum Coronavirus, déi méi ustiechend soll sinn, déi awer nach net zu Lëtzebuerg entdeckt gouf.

Déi lescht Analyse sinn allerdéngs vum 18. Dezember, sou den LNS. Den Ament ginn d'Echantillone vun der Woch dono ënner d'Lupp geholl, d'Resultater dierften Enn der Woch do sinn, si mer op Nofro hi gewuer ginn.

All Woch ginn tëscht 300 a 400 positiv Echantillonen analyséiert, ronn 10% vun alle positive Fäll zu Lëtzebuerg.

Am Grand-Duché zirkuléieren aktuell 13 Variante vum Virus, woubäi der 3 dominéieren.
Wat den Impakt vun der neier brittescher Variant kéint sinn, dat kéint een elo nach net soen, sou den Dokter Tamir Abdelrahman, Chef vun der Mikrobiologie vum LNS.
Déi néideg klinesch Rapporte géingen nach feelen, fir zum Beispill eppes iwwer d'Virulenz ze soen, dat kéint och nach puer Méint daueren.

Och wat d'Effikassitéit vum Vaccin ugeet, do wier et vill ze fréi fir Aussoen ze maachen, do misste vill Etüde gemaach ginn, sou den Mikrobiolog weider.

Et misst een ofwaarde wéi déi mutéiert Versioun d'Strukture vum Virus verännert huet a wéi dëst sech op déi immunitär Äntwert géing auswierken. Dofir misste bei geimpfte Persounen déi néideg Observatioune gemaach ginn.