
Dat neit Covid-Gesetz gouf um kuerz no 17 Auer mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl, dat ouni den Accord awer vun der Oppositioun. Déi nei Mesuren trieden deemno e Méindeg Hallefnuecht a Kraaft.
D'Ausgangsspär fänkt dann nees um 23 Auer un, déi meescht Commercë ginn, ënner méi strengen Oplagen, nees op, grad wéi Sport a Kultur. Restaurante bleiwen awer emol nach zou. Déi nei Mesurë gëlle wéi gesot vun e Méindeg un an dat da bis den 31. Januar.
"Mir fannen, datt et momentan en absolutte "Pilotage à vue" ass, e Flipflop, en hin an hier ouni kloer Ziler. Mir verstinn dat net a froen eis wisou dat sou ass. Ass et, well se net fäerdeg bréngt, eng richteg Decisioun ze huelen? Se dem Drock ausgesat ass an net mam Drock kann ëmgoen? Well se sech an der Regierung net eens sinn? Oder eng gewëssen Naivitéit spillt a gemengt gëtt, Lëtzebuerg wier awer eng Insel?"
"Fir eis ass et vill ze fréi an äusserst riskant fir erëm opzemaachen an dofir stëmmt d’CSV mat Nee."
Am Verglach mat den Nopeschlänner wier Lëtzebuerg och mat den neie Mesuren nach ëmmer streng, soten dogéint Deputéiert vun der blo-rout-grénger Majoritéit. Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché sot, dat neit Gesetz wier méi koherent, well Kulturinstitutiounen nees opginn."D'Mesurë si fir vill Leit net koherent, net verständlech an net novollzéibar". Dat mengt dogéint awer den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum e Freideg de Mëtteg an der Chamber beim Vott iwwert dat neit Covid-Gesetz. An den Aen vum Marc Baum wier et komplett onméiglech, eng Evaluatioun vun de Mesuren, déi Enn Dezember geholl goufen, ze maachen. D'Regierung géif donieft falsch Prioritéite setzen. Et géife virun allem am private Beräich Restriktioune ginn, am Beräich vun der Aarbecht géif awer quasi näischt geschéien: "Ech hu mer ugekuckt, wéi do d'Legislatioun an eisen Nopeschlänner ass. Déi maachen nämlech Saachen. Do ginn et verbindlech protocoles sanitaires fir déi ënnerschiddlech Produktiounsberäicher vun der Ekonomie, déi zu Lëtzebuerg komplett feelen. D'Nora Back, Presidentin vum OGBL huet et op de Punkt bruecht: Alles wat Beruffswelt ass, si Recommandatiounen an alles wat Privat ass, ass Obligatioun. Do läit e grousse Problem an der Prioritéitesetzung vun der Regierung."
D'Mesurë wieren, wéi gesot, fir vill leit net koherent, net verständlech an net novollzéibar. Där Meenung ass och de Sven Clement vun de Piraten: "De Message schéngt ze sinn: D'Situatioun ass eescht. Mir wëssen net genee wou mer stinn a wat de mutéierte Virus wäert fir en Afloss hunn. Mä mir maachen d'Schoulen an d'Geschäfter nees op an dir kënnt och all nees bis zu 10 Persoune Sport maachen an an de Kino goen. Gitt awer just net an de Restaurant. Esou schaaft ee kee Vertrauen an d'Regierungsaarbecht."
Dacks gouf wéi gesot d'Ausland genannt als Verglach, woubäi de Gilles Baum vun der DP ënnerstrach huet, datt Lëtzebuerg net komplett aus der Rei géif danzen: "A Frankräich an an der Belsch sinn d'Schoulen an d'Crèchen op, just net an Däitschland. E Méindeg ginn eis Geschäfter op, a Frankräich an an der Belsch si se op. Mir maachen also do näischt wat an der Groussregioun eemoleg wier. Frankräich, Belsch a Lëtzebuerg hunn eng Ausgangsspär, Däitschland net."
Fir d'ADR feelt et un engem Gesamtkonzept. Den Deputéierte Jeff Engelen huet dowéinst laangfristeg a previsibel Mesurë gefuerdert.
„Et ass eng Attack op d'Demokratie“. De Chamberpresident Fernand Etgen huet e Freideg am Parlament – virum Vott vum neie Covid-Gesetz – op d'Situatioun an d'Gewalt an den USA reagéiert.
D'Attack op de Kapitol zu Washington hätt eis alleguer schockéiert. D'Brutalitéit an d'Respektlosegkeet, déi mer gesinn hunn, hätten net nëmmen déi amerikanesch Demokratie verletzt. D'demokratescht Verständnis vun eis all wär ganz déif verletzt ginn, sou den 1. Bierger vum Land. Och de Premier Xavier Bettel huet sech de Wierder ugeschloss.
