E puer Automobilisten hate sech e Samschdegowend spéit um Parking Däich zu Ettelbréck getraff, fir do mat hiren Autoen am Schnéi ze driften.

7 jonk Chauffeure goufe vun der Police protokolléiert, wéinst geféierlechem Fuerverhalen. Donieft hätten déi jonk Leit sech net un d'Covid-Mesurë gehalen. An engem Fall gouf souguer eng Plainte gemaach.

An der Stad gouf en Automobilist protokolléiert, well en ze vill gedronk hat. E war géint 22.40 Auer opgefall, well en a falscher Richtung aus engem Sens-unique an d'Escher Strooss ofgebéit ass. Den Alkoholtest war wéi gesot positiv an de Führerschäin gouf agezunn.

Sportlech ënnerwee war dann e Chauffer zu Esch um Boulevard Charles de Gaulle, e Sonndeg de Moie géint 3 Auer. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Führerschäi gouf agezunn. Dobäi koum dann nach, dass de Chauffer sech net un d'Ausgangsspär gehalen huet.