
Gëtt de “Journal” duerch d’digital Publikatioun vum Rapport vun de Chamberssëtzunge subventionéiert? Dës Fro stellt sech, nodeems den Online-Medium “Journal” d’Chamberbliedchen als PDF publizéiert huet. Informatioune vu “Reporter.lu” no huet d’Chamber-Administratioun en entspriechenden Accord mat de Responsabele vum “Journal” ofgeschloss.
Domat ass de “Journal” deen eenzegen Online-Medium, deen d’Comptes rendus vun der Chamber publizéiert - natierlech bezuelt.
Dës Decisioun gouf intern geholl an net am Bureau oder der Conférence des Présidents debattéiert, sou “Reporter.lu” weider, wou ee bei Fraktiounen nogefrot huet, déi awer heivunner net am Bild waren.
D’CSV reagéiert och op d’Decisioun, datt d’Chamberbliedche géint en Honoraire am Online-Journal publizéiert gëtt, an huet an engem Bréif un de Chamberpresident Fernand Etgen gefrot, datt den nächste Freideg am Büro iwwert dëse Punkt geschwat gëtt. D’CSV schwätzt vun engem Präzedenzfall, iwwert dee misst debattéiert ginn.
Dem Online-Magasinn “Reporter.lu” no dierft de “Journal” fir d’Publikatioun vun engem PDF ronn 1.600 Euro kréien, op d’Joer gerechent wier dëst eng Zomm vu ronn 30.000 Euro. Dës Publikatioun gëtt als “privilegéiert Partnerschaft” bezeechent.