D'CGFP beklot sech dass, d'Corona-Kris ëmmer als Virwand geholl gëtt, fir berechtegt Fuerderunge vun der CGFP an de Pabeierkuerf ze geheien.

Mir hunn eis ganz vill Zäit ginn, hunn ëmmer d'Gespréich gesicht. Dat hätt awer net geklappt. Mir wëssen, datt Pandemie ass, mä souguer 5 oder 10 Minutten hätt de Premier mol keng Zäit gehat, huet de Moien de CGFP-President Romain Wolff am RTL-Interview bedauert. Zanter Méint hëlt d’Regierung d’Corona-Kris permanent als Virwand, fir berechtegt Fuerderunge vun de Fonctionnaire systematesch ofzeschmetteren. D’Kris hätt eben Prioritéit.

An trotzdeem géif dat d‘Dräierkoalitioun net dervun ofhalen, fir am Verbuergenen direkt 3 Projet de loien op den Instanzewee ze schécken, déi all drop ofzielen, den ëffentlechen Déngscht, trotz senger systemescher Relevanz ze schwächen. Esou steet et an engem Schreiwes vun der CGFP , an deem annoncéiert gëtt, dass een es elo genuch huet, an op d‘Conciliatioun geet.

D’Staatsbeamtegewerkschaft mengt konkret déi Gesetzprojeten, mat deenen d’Besetze vu Schlësselpositiounen am Enseignements-, Sports- oder generell dem Verwaltungsberäich mat Leit aus dem Privatsecteur erméiglecht soll ginn.

Bis Chrëschtdag sollt de Premier an dëser Affär reagéieren, hat awer dunn op Mëtt Januar vertréischt. Nodeems bis e Méindeg weider keng Reaktioun vum Xavier Bettel koum, gouf elo eben d’Conciliatiounsprozedur declenchéiert, huet eis en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview de Romain Wolff confirméiert. Et géif een dee Wee a Pandemiezäiten zwar net gäre goen, mä et wier den eenzege Wee, Gehéier ze fannen. Mir gi just op d'Conciliatioun wa mer soss keen anere Wee gesinn, sou de CGFP-President.

De Sozialdialog mat der Regierung wier nämlech net do, an et hätt een elo d’Nues voll. Et wier elo den Ament komm, fir ze soen et wier Schluss, et hätt een laang genuch nogekuckt, sou de Romain Wolff.

Interview mam Romain Wolff