
Zanter e Méindeg an nach bis an de Februar eran huet den Zentrum fir politesch Bildung zesumme mat anere Partner eng ganze Rei vun Evenementer oder pedagogeschen Aktivitéiten organiséiert, an dat am Zesummenhank mat där Commemoratioun. Ënnert anerem si Kino-Seancë fir Schüler virgesinn, am Respekt vun de sanitäre Mesuren.
Méi wéi 75 Joer nom Enn vun der Besatzungszäit bleiwe jo nach ëmmer oppe Froen. Eng vun dëse betrëfft Entschiedegunge fir déi jiddesch Communautéit, wéinst allem, wat se am Kontext vun der Shoah, vun den Nazie geklaut an ewechgeholl kruten. Déi jiddesch Communautéit an d'Regierung hu lo en Accord fonnt, deen e Mëttwoch de Mëtteg ënnerschriwwe wäert ginn.
Invité vun der Redaktioun: De President vun der Fondation pour la Mémoire de la Shoah Me François Moyse
Fannt hei weider Informatiounen iwwert den Holocaust-Gedenkdag