Verwaltungsgeriicht huet tranchéiertChamber muss en Abléck a Konzessiounsvertrag kréien

RTL Lëtzebuerg
De Medieminister Xavier Bettel ass gehalen, der Chamber de Konzessiounsvertrag tëscht dem Lëtzebuerger Staat an RTL Group ze weisen.

Et war de Sven Clement, deen d'Geriicht mat der Demande befaasst hat, nodeem hien refuséiert krut, Abléck an de Vertrag ze kréien, well sech op d'Confidentialitéits-Klausel beruff gi war.

Hei geet et bei d'UrteelAn engem éischten Urteel an 1. Instanz hat sech den Tribunal net kompetent deklaréiert - doropshin gouf Appell ageluecht, sou datt et lo zur Decisioun vun der Cour administrative komm ass, datt d'Detailer aus dem Konzessiounsvertrag sollen den Deputéierten accessibel gemaach ginn.

Géint dës Decisioun an 2. Instanz - deen definitiv ass-  kann kee weideren Recours méi eragereecht ginn.

Wéi de Piraten-Deputéierte Clement géintiwwer RTL sot, wier d'Urteel vum Verwaltungsgeriicht e Gewënn fir d'Demokratie an domat och e Präzedenzfall, deen d'Roll vun der Chamber géif stäerken. Domat wier d'Recht fir d'Deputéiert erwierkt ginn, fir all Kontrakter oder och "Memorandums of Understanding" ze consultéieren, déi de Staat ofschléisst.

Hei de Communiqué vun de Piraten, als Reaktioun op d'Urteel

Back to Top
CIM LOGO