An der Woch vum 25. bis de 31. Januar goufen 999 Persoune positiv getest, an der Woch virdru waren et 843, dat ass e plus vu 19 Prozent.

An der Moyenne op d'Woch gekuckt hu sech 143 Persounen den Dag infizéiert. 18 Mënsche sinn d'lescht Woch un de Suitte vun enger Sars-CoV2-Infektioun gestuerwen.

RTL

De Positivitéitstaux am Large Scale Testing ass nees liicht zréckgaangen op elo 0.37 Prozent, an der Woch vum 18. bis 24. Januar louch den Taux bei 0.43 Prozent.

RTL

Et ass elo 3 Wochen hir, datt de Commerce an d'Schoulen nees op sinn, op wat d'Hausse vun den Infektiounen zréckzeféieren ass, ass den Ament schwéier ze soen, well och déi brittesch Variant am Gaang ass, sech a ganz Europa auszebreeden.

RTL