Réckbléck vun der SantéBrittesch Variant kéint entretemps zu Lëtzebuerg schonn dominéieren

RTL Lëtzebuerg
Dat seet den neie Wocheréckbléck vun der Santé, deen e Mëttwoch verëffentlecht ginn ass.

D'Zuel vun de Leit, déi sech mat Coronavirus ugestach hunn, geet am Verglach mat der viregter Woch erëm an d'Luucht, obscho manner getest gouf. Dat liest een am Wochebilan vun der Santé.

Corona-Réckbléck vun der Santé / Reportage Dany Rasqué

Tëschent dem 15. an dem 21. Februar gouf et 1.249 Infektiounen, dat sinn der genee 150 méi wéi déi Woch virdrun. E Plus vu gutt 13 Prozent.

D'Tester gi vu ronn 70.000 Stéck op bësse méi wéi 60.000 erof. Méi an d'Gewiicht falen do d'Tester, déi vun den Doktere verschriwwe goufen. Do gëtt et e Minus vun engem Drëttel. D'Lescht Woch goufen eng 15.000 Leit vum Dokter an den Test geschéckt, well se Symptomer haten, déi op eng Infektioun mat Corona higewisen hunn. Dat sinn der 7.000 manner wéi déi Woch virdrun. De PCR-Test war a bësse méi wéi 500 Fäll positiv. Dat ass en Taux de positivité vu 5,7 Prozent, géintiwwer 3,5 Prozent déi Woch virdrun. Am Large-Scale-Test respektiv bei Deplacementer an d'Ausland goufen 123 Infektioune nogewisen an eng 600 Stéck am Kader vum Contact Tracing.

Verbreedung vun de Mutatiounen am Grand-Duché

E Mëttwoch gouf et am Wochebilan vun der Santé och eng éischte Kéier representativ Zuelen iwwert déi verschidde Mutatiounen am Grand-Duché. Et goufen 132 Echantillonen ënnersicht. 76 Mol gouf déi brittesch Variant fonnt. Déi mécht 57 Prozent aus. 6 Mol gouf déi südafrikanesch Variant nogewisen, dat si 4,5 Prozent an déi brasilianesch Mutatioun gouf bis elo nach guer net zu Lëtzebuerg fonnt.

Inzidenz-Wäert klëmmt op 200 Fäll pro 100.000 Awunner

Den effektive Reproduktiounstaux klëmmt liicht op 1,05. Méi eng däitlech Hausse gëtt et awer bei de Fäll iwwer 7 Deeg pro 100.000 Awunner. Dee Wäert läit fir d'lescht Woch bei 200. Déi Woch virdru louch e bei 176.

Dee Wäert geet an all den Alterskategorien an d'Luucht ausser bei de Kanner bis 14 Joer. Do geet en ëm e Véierel zeréck. D'Santé schreift, dat léich warscheinlech dodrun, datt d'Schoulen elo 14 Deeg zou waren. 16 Mënsche sinn d'lescht Woch un oder mat Covid-19 gestuerwen, dat si 5 Doudesaffer méi wéi déi Woch virdrun. Den Altersduerchschnëtt läit bei 80 Joer.

D'Situatioun an de Spideeler bleift stabel, mat 59 Patienten op enger normaler Statioun a 15 Patienten op den Intensivstatiounen. Dat sinn der zwee méi wéi an den zwou éischte Woche vum Mount.

Dat familiäert Ëmfeld bleift déi Plaz, wou déi meeschte Leit sech ustiechen, d'lescht Woch 45,6 Prozent, Fräizäitaktivitéite komme mat 5,7 Prozent op der zweeter Plaz an d'Aarbecht mat knapp 5 Prozent op drëtter Plaz. D'Fäll an deenen een net ka soen, wou d'Leit sech ugestach hunn, leie bei 35 Prozent och dat ass erëm e liichte Plus.

D'lescht Woch goufen eng 8.000 Leit geimpft. Fir 6.000 Leit war dat déi éischt Dosis bei 2.000 Persoune war et déi zweet.

PDF: Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO