Alain Rix am RTL-Interview"Mir kéinten en Deel vun der Léisung sinn, wa mer erëm kéinten opmaachen"

Claudia Kollwelter
De President vun der Horesca war e Mëttwoch den Owend eisen Invité um Plateau vun RTL Télé Lëtzebuerg.
Alain Rix am RTL-Interview
De President vun der Horesca war e Mëttwoch den Owend eisen Invité um Plateau vun RTL Télé Lëtzebuerg.

"Mir hu laang diskutéiert, vill Propose gemaach an och gesot, datt mir kéinten d'Léisung sinn, wa mer erëm dierfen opmaachen." Dat sot de President vun der Horesca, Alain Rix, e Mëttwoch no enger Entrevue mat der Santé. Am Interview um Plateau vun Télé Lëtzebuerg huet den Alain Rix betount, datt et a sengen Aen nach dauere wäert, bis de Secteur seng Dieren erëm dierf opmaachen. Et wieren an der Entrevue vill Propositioune gemaach ginn, allerdéngs ouni konkret Léisungen ze fannen. Wat d'Hëllefe betrëfft, huet de President vun der Horesca gesot, dës wieren zwar ze begréissen, et kéint een awer nach laang net dovu liewen. D'Ännerunge vum Mee u beim Chômage partiel huet hien eng Katastroph genannt, och wann hien d'Accord ass, datt de Staat net éiweg alles droe kann.

"Mäi Gefill ass éischter, datt mer nach bësse musse waarden, bis mer erëm dierfen opmaachen." Dat sot de President vun der Horesca e Mëttwoch um Plateau bei de Kolleege vun der Tëlee no enger Entrevue mat der Santé. Et wier vill diskutéiert a vill Propose gemaach ginn, ma Léisungen hätt ee bis ewell keng fonnt.

An dobäi kéint de Secteur dem Alain Rix no en Deel vun der Léisung sinn: "Wa mer nämlech gesinn, wéi déi Jonk op der Kinnekswiss sëtzen zesummen, wou kee Kontroll ass, an d'Leit op de Büroen op den Trappen dobausse sëtze fir z'iessen... Ech mengen, mir kéinten en Deel vun der Léisung sinn, wa mer erëm kéinten opmaachen. Selbstverständlech si mer d'Accord, datt Restriktioune musse kommen."

Horesca-Secteur / Rep. Claudia Kollwelter

Dat, wat de Secteur awer am dréngendste bréicht, wier Previsibilitéit:

"Mir wëssen net, wou mer higinn, wéini mer ufänken. Mir brauche 14 Deeg, fir kënnen unzelafen. Mir sinn och net d'Accord domat, elo unzefänken, an da gëtt no enger Woch gesot, et muss erëm zougemaach ginn."

Wat d'Hëllefe fir den Horesca betreffen, wieren déi zwar ze begréissen, sot den Alain Rix, mee et kéint een definitiv net dovu liewen:

"Et hëlleft eis fir z'iwwerbrécken. Wéi se elo sinn, ass et gutt. Mee an Zukunft musse mer kucken, wéi mer virukommen. Mir verdéngen näischt, hu kee Benefice, kënnen näischt op d'Säit leeën an net an de Betrib investéieren. Mir hunn e Retard vu 5 Joer. Déi Sue sinn net do!"

Beim Chômage partiel komme vum Mee un Ännerungen - dat wier fir den Horesca-Secteur eng Katastroph:

"Wa mir am Juni just nach 50% vum Chômage partiel kréien: D'Hoteller mussen d'Hallschent vun hirem Personal bezuelen, kënnen dat awer net, well se keng Entréeën hunn. Datt dauert nach Jore bis d'Hotellerie richteg funktionéiert. A wa mer do elo nach gestrach kréien... Mir kruten ëmmer gesot: Haalt d'Leit am Emploi."

Dem Alain Rix no soll de Chômage partiel bis d'Enn vum Joer weider sou lafe wéi bis ewell. Wat eng méiglech Reouverture betrëfft, ass sech de President vun der Horesca och bewosst, datt soulaang an eisen Nopeschlänner net opgemaach gëtt, sech och hei näischt doe wäert:

"Ech kann dat novollzéien, well mer soss komplett zouspäre kënnen, well mer eis auslännesch Frënn brauchen. Et kann awer och net sinn, datt Länner Drock op en anert maachen (...) Do huet d'EU gewisen, datt et keng richteg Unioun ass."

An enger Woch gesäit ee sech nach emol mat der Santé. Wann een d'Restriktiounen anhale muss, missten op alle Fall d'Hëllefe virulafen, sou wéi bis elo an och nach bis zum Enn vum Joer, soss géifen dem Alain Rix no d'Betriber et net packen.

RTL-News: Horeca-Secteur: Ee Joer Covidkris: “Kreativ an optimistesch an d’Zukunft"

Back to Top
CIM LOGO